Diversitéit an de Welthandel vu moralesche Wäerter

© RTL
Et ass den 29. Januar 2025, kuerz virun 9 Auer owes. Iwwert dem Floss Potomac an der amerikanescher Haaptstad Washington, kréie sech e Passagéierfliger an en Helikopter ze paken a falen erof an d’Waasser. Fir déi 67 Männer a Fraen u Bord kënnt all Hëllef ze spéit.
Kuerz no Mëtternuecht, mellt sech den neien amerikanesche Präsident Trump via Sozial Medien zu Wuert. Net fir säi Bäileed auszedrécken, mee fir ze erklären, wie Schold ass un dësem trageschen Accident. An dat si senger Meenung no d‘Fluchlotsen, déi op Basis vun engem Wonsch fir méi Diversitéit rekrutéiert gi sinn. Leit, déi hien als mannerbemëttelt an inkompetent consideréiert.
DE&I. Fräi iwwersat mat Diversitéit, Chancëgerechtegkeet an Inclusion. Zënter méi wéi 15 Joer sinn dëst wichteg Konzepter fir d’Gestioun vu Firmen an Organisatiounen. Haaptsächlech am Beräich Recrutementspolitik. Sie sollen d’Villfältegkeet vun der Gesellschaft refletéieren: Hautfaarf, Geschlecht, Handicap, perséinlech Orientéierungen an esou weider. All Mataarbechter solle sech valoriséiert spieren an déi selwecht Chancen hunn, fir Karriär ze maachen.
Och zu Lëtzebuerg gouf enorm vill an dësem Sënn gemaach. IMS Lëtzebuerg huet 2012 d’Charte de la Diversité lancéiert. Bis haut hunn iwwer 350 kleng a grouss Lëtzebuerger Betriber déi Charte signéiert an engagéiere sech, fir d’Prinzippie vun Diversitéit héichzehalen.
Mee zeréck op Washington. Matt engem eenzegen Tweet huet den Donald Trump dës Prinzippie souzesoen exkommunizéiert. Diversitéit ass fir hie Synonym vun Diskriminatioun. En Executive Order huet dann och nach festgehalen, dass all staatlech Diversitéitsprogrammer gestoppt musse ginn an een och net méi mat Firme schafft, déi esou Programmer ënnerstëtzen.
Elo kéint ee jo soen: "Wat soll et? Loosse mir d’Amerikaner maache wat si wëllen!". Mee de moralesche Kräizzuch vun der amerikanescher Politik geet wäit iwwer hir Grenzen ewech. Eng Lëtzebuerger Firma zum Beispill, déi den amerikanesche Staat als Client huet a weider mat him schaffe wëll, gëtt elo och gezwongen, seng intern Diversitéitsprojete falen ze loossen. Maach wéi d’Leit, da geet et der wéi de Léit.
Fir all déi Firme stellt sech dann elo d’Fro, wéi hire moralesche Kompass ausgeriicht ass: Business oder sozial Gerechtegkeet an Integritéit? Ech si selwer Entrepreneur an ech weess, dass déi Fro simplistesch klengt. Natierlech muss eng Firma sech un d’national Gesetzgebungen hale vun deem Land, an deem si aktiv ass. Mee wéi wäit kann dat en Afloss hunn op hir global Organisatioun an d’Wäerter, déi si och national vertrëtt. Mir schwätzen hei net vun engem Detail, mee vun engem Fundament vun eise sozialen Errongenschaften iwwer déi lescht Joren. Hale mir weider dorunner fest oder war dat ganzt eng Illusioun an dee leschten, deen dru gleeft, mécht d’Luucht aus?