D'Liwwerkettegesetz huet vill Facetten

An de leschte Wochen ass nees verstäerkt an der Ëffentlechkeet iwwer déi sougenannte Liwwerketten-Direktive geschwat ginn, besonnesch well d’EU-Kommissioun dësen Text nach eemol op de Leescht geholl huet fir en ze vereinfachen. An der Carte blanche vum René Winkin héiere mir elo dass et bei deem Text awer nach em wäit aus méi geet, wéi déi gewënschte Vereinfachung.
D‘Corporate Sustainability Due Diligence Directive, besser bekannt ënner dem Numm Liwwerkettegesetz, verpflicht all grouss Betriber an der EU dofir ze suergen, dass héich Standard‘en a Saache Mënscherechter, Ëmwelt, Soziales a Gouvernance agehal ginn. Net nëmmen an deene Betriber selwer, ma och bei all de vir- an nogelagerten Acteuren an hire Liwwerketten, an dat egal wou déi Acteuren sech op der Welt befannen.
D’Direktiv reagéiert och op de gesellschaftlechen Drock fir méi Transparenz an Nohaltegkeet an de globale Liwwerketten. D’Direktiv geet dobäi e gudde Schrëtt méi wäit wéi bis elo: Si verlaangt eng systematesch Risikoanalyse, Moossnamen zur Preventioun a Berengegung vu Mëssstänn, eng intern an extern Kontroll, an dat alles gutt dokumentéiert.
Betraffe Betriber gesinn sech héije Strofen ausgesat bei Reegelverstéiss oder wa si vun Drëttparteien wéinst Mëssstänn an der Liwwerketten an der EU ugesicht ginn. Ma et sinn och Onmasse vu klenge Betriber indirekt betraff well si an de Liwwerkette vun deene Groussen dra sinn an deemno gefuerdert sinn den due diligence Effort matzemaachen.
Déi ugestrieften Zieler gi generell vun eise Betriber gedeelt a vill hunn och net op een neit Gesetz gewaart fir sech am deem Sënn opzestellen, wann och net ëmmer esou ëmfaassend an universell wéi elo vun der Politik gefuerdert. Grouss Betriber hu sécher och Interêt fir hei eng kritesch Attitude un den Dag ze leen.
Nodeem d´Liwwerketten-Direktive 2 mol bei engem onofhängege Prüfungs-Organ vun der EU-Kommissioun duerchgefall war huet d‘Kommissioun sech eng 3. Kéier iwwer dësen Avis wechgesat an den Text gouf dunn Ufank 2024 vum EU-Parlament an dem Minister-Conseil ugeholl. Awer kaum e Joer virum geplangten Akraafttrieden ass schonn déi éischt gréisser Verbesserungsronn am Gaang – ënner anerem fir d’Bestëmmunge méi einfach a praktesch ëmsetzbar ze maachen..
Eng Fro bleift awer weiderhi komplett ënnerbeliicht an zwar déi wat déi zukünfteg Reegelen ekonomesch alles bewierke wäerten.
Mir wëssen haut dass de ganz groussen Deel vun eiser Energie an essenziell Rohstoffer fir eis Industrie – z. B. fir Pharma, Batterien oder Elektronik – dominant aus Länner kommen, wou net kloer ass, ob eis Importateuren iwwerhaapt an der Lag sinn, déi europäesch Obligatiounen ëmzesetzen.
Gréisser Handelspartner gesinn eis Virgoensweis als iwwerdriwwen Amëschung un a kéinte sech wieren. Ass dat de Fall, oder sinn eis Betriber direkt oder indirekt a Projet‘en agebonn an Drëttlänner, wou et ondenkbar ass hire Partner oder de lokalen Autoritéiten eis Standard‘en opzezwéngen, da mussen déi Handelsbezéiungen fréier oder spéider ënnerbonn ginn oder de betraffene Betrib verléisst Europa fir sech kenge Poursuiten äuszesetzen. Enn lescht Joer huet den Energieminister aus dem Qatar eis gewarnt dass säi Land all Gasliwwerunge stoppt wann hinnen horrend Geldstrofen dréien. Ob eisen zweetgréisste Fournisseur, d‘USA zB no den EU Reegele spille wëll oder duerf? Kee weess et.
A mengen Aen hu mir et hei mat engem vun de bedeitendsten Texter ze dinn, deen d‘EU jee op de Wee bruecht huet. Bedeitend well e potenziell all Handelsbezéiungen, all Produkt a Service betrefft, well gréisser Problemer fir de Bannemaart net kënnen ausgeschloss ginn a well et sécher Präisimpakter ginn a méiglecherweis och mol Liwwerengpäss.
D‘Betriber wäerte sech mat ganz vill Opwand beméien fir hiren Oplagen nozekommen, ma, à l‘impossible nul n‘est tenu“. Deemno kann een dovun ausgoen, dass dat zukünftegt Liwwerkettegesetz aus der Nout eraus villäicht nach méi dacks muss iwwerschafft ginn.