Si sinn am Moment keen Thema. D'Aktualitéit gëtt dominéiert vu Krich, Wirtschaft, a fir Kanner a Jugendlecher interesséiert kee sech. Dobäi si grad si d'Zukunft vun eiser Gesellschaft. Mee si ginn einfach net eescht geholl. Eigentlech missten eis déi offiziell Zuele vu Suicidë bei Jonken ze denken ginn, an absolut Prioritéit sinn. Kanner, ob déi net gelauschtert gëtt, Kanner, déi net déi Ënnerstëtzung vun hiren Eltere kréien, déi se sou dréngend brauchen, sinn Thema an der Carte blanche vun haut. D’Françoise Hetto, fréier Politikerin, an éducatrice graduée , stellt d'Fro: muss een iwwerhaapt Kanner kréien?

Carte Blanche vum Françoise Hetto

Muss ee Kanner kréien? Eigentlech net, ausser et ass ee wierklech prett, sech och ëm si ze bekëmmeren, an hinnen Zäit, Léift a reell Opmierksamkeet ze schenken. Am eegene Liewe muss ee Plaz schafe fir e Kand, an dat bedéngt, dass een, zumindest déi éischt Joren, op Villes muss verzichten.

Wann ech Emissiounen um Radio héieren oder Reportage liesen, wou et ëm d’Wuel vum Kand geet, da stellen ech fest, dass et de Kanner guer net gutt geet.

An et geet ville Kanner net gutt: Do gëtt et déi Kanner, déi vill Zäit an der Friembetreiung verbréngen, einfach net zur Rou kommen. Kanner, deenen hir Elteren dacks vill ze vill mat sech selwer beschäftegt sinn, a leider net déi stabil Bezéiung zu hire Kanner opbauen, déi se brauchen. An da gëtt et déi Kanner, déi extreem verwinnt sinn, richteg Prënzekanner, déi weder Reegelen nach Grenze gesat kréien.

All dëse Kanner geet et net gutt, a si versiche mat alle Mëttelen, déi hinnen zur Verfügung stinn, Opmierksamkeet ze kréien. Leider net duerch luewenswäert Behuelen. D’Léierpersonal an d’Erzéier kommen do dacks un hir Grenzen.

Da gëtt et och déi Kanner, deenen hir Elteren einfach just iwwerfuerdert sinn, an onbedéngt Hëllef vu bausse brauchen. Des Aufgab kéinten d’Betreiungsstrukturen iwwerhuelen.

An et gëtt déi Kanner, deenen hir Eltere sech all erdenklech Méi ginn, fir op si anzegoen, a si zu kriteschen, hëllefsbereeten a respektvolle klenge Mënschen ze erzéien. Fir des brav, ugepassten, a fei Kanner bleift leider dacks keng Zäit an der Schoul, well d’Léierpersonal ze vill mat de verhalenskreative Kanner beschäftegt ass.

Vu Chancëgläichheet ka keng Ried sinn, wann d’Kanner net vun doheem aus ënnerstëtzt ginn. Vill Eltere si sech net bewosst, dass si eng Responsabilitéit als Elteren hunn, an dass se net dem Staat d’Erzéiung kënnen iwwerloossen.
Vill Eltere si sech och net bewosst, dass déi éischt Joren decisiv fir d’Entwécklung vum Kand senge Kompetenze sinn, baséierend op enger stabiller Relatioun tëscht Elteren a Kand, wou Gebuergenheet a Sécherheet dominéieren.

A genee dofir brauche mer obligatoresch, systematesch Workshoppe fir all Elteren, jee no Alter vum Kand, wou d’Eltere matgedeelt kréien, ob wat et grad an deem Moment vum Kand senger Entwécklung ukënnt, a wéi eng Roll si ze spillen hunn.

Eltere musse méi Responsabilitéit iwwerhuelen, wa mer déi Entwécklung, déi am gaangen ass, stoppe wëllen. A mir musse se stoppen. Am Interessi vun de Kanner. Wa mer näischt änneren kann eis Gesellschaft an Zukunft net méi fonctionéieren.