Firwat entsti Kricher a Konflikter ?

Am Moment gëtt sech vill mat Verdeedegung an Oprëschtung beschäftegt. Vergiess gëtt menger Meenung no, dass Kricher a Konflikter och Ursaachen hunn. Sech mat deenen ze beschäftegen, nennt ee präventiv Konfliktvermeidung.
1. Eng ongerecht Räichtumsverdeelung op eiser Welt.
Wann d’Konzentratioun vu Räichtum bei manner wéi 10% vun der Weltbevëlkerung läit a parallel déi aner 90% permanent opgefuerdert ginn, d’Ärem eropzekrämpelen, da musse mer eis net wonneren, wann dëst zu Ofleenung an Aggressivitéit bei de Verléierer vun der Gesellschaft féiert. Stroossen, Schoulen, Spideeler, oder eng uerdentlech ëffentlech Gesondheets- a -Pensiounsversécherung, all dat kascht natierlech vill Suen. Mais wann 10% vun der Weltbevëlkerung 86% vum Räichtum besetzen, an déi 10% näischt wëllen ofginn, dann ass esou eng Gesellschaft net iwwerliewensfäeg. Sie féiert dozou, dass d’Beneficer vun enger klenger Minoritéit agestach ginn an d’Käschte sozialiséiert ginn, heescht vun der grousser Majoritéit musse gedroe ginn.
2. Zougang zu fruchtbarem Buedem, zu propperem Waasser zu enger dezenter Wunneng, dat missten elementar Mënscherechter sinn.
Mais ass dat dann och esou? Wéi gesäit et hei aus zum Beispill fir déi palästinensesch Bevëlkerung oder fir grouss Deeler vun Afrika ? Schlecht bis grujeleg muss e soen. Wann dann och nach méi räich Länner oder Regioune fannen, dass si sech och nach d’Ressourcë vun hire méi schwaachen Noperen uneegnen oder einfach hiren Territoire vergréisseren, da gëtt et nach méi onerdréiglech. Dass dat zu Konflikter a Kricher féiert oder zu massive Flüchtlingsstréim, ass net verwonnerlech. Kricher a Konflikter entsti wéinst dem Zougang zu de verschiddene natierleche Ressourcen. Donieft stëllt sech natierlech och nach d’Fro, wéi mer mat der Notzung vu verschidden Rohstoffer ëmginn, wann d’Notzung dovu riskéiert, eis allgemeng Liewensgrondlagen ze zerstéieren. Stéchwuert Klimawandel! Mir mussen deemno iwwer en neien demokratesche Gesellschaftsvertrag diskutéieren, wou Nohaltegkeet, Gerechtegkeet a Gläichheet méi Bedeitung fannen.
Wa mer wëllen eng friddlech Welt opbauen, dann ass dat nëmme méiglech, wa mer der ëmmer nees gären zitéierte Fräiheet och en Inhalt ginn.
Fräiheet muss ee sech leeschte kënnen. Wann ech keng Aarbecht hunn, keng uerdentlech Wunneng, eng schlecht Gesondheetsversuergung, keen Zougang zu propperem Waasser, zu enger uerdentlecher Ernierung, zu Bildung, zu Kultur, zu Mobilitéit, an et kéint een déi Lëscht nach weiderféieren, dann ass déi berüümte Fräiheet nëmmen eng eidel Hüls.
Et gëtt een net Multimilliardär, well een esouvill eleng geschafft huet. Räichtum entsteet nëmmen duerch e kollektiven Effort. Ouni ëffentlech finanzéiert Fuerschung, Infrastruktur an Organisatioun, ouni déi vill Mënschen, déi an de Betriber schaffen an nach laang net ëmmer gutt duerfir bezüglech ginn, géingen d’Milliardäre net zu hirem Räichtum kommen. Et wär deemno nëmme gerecht, wann dës och een Deel vun hirem Räichtum nees un d’Gesellschaft zeréck ginn.
Wa mer duerfir déi vill Problemer an eiser Gesellschaft wëllen ugoen, déi iwwerall op der Welt zu Konflikter a Kricher féieren, da musse mer virun allem fir méi Verdeelungsgerechtegkeet suergen.
Zil muss eng Politik vu Konfliktvermeidung sinn, an dëst bedeit, dass mer eis demokratesch Institutioune mussen nei erfannen, se stäerken am Sënn, fir dass Gerechtegkeet a Gläichheet méi grouss geschriwwe ginn.