Keng EU-Gelder méi fir Ungarn

De Bréif vun enger Rei Europaparlamentarier un d'Europäesch Kommissioun, fir all Gelder un Ungarn ze stoppen, ass ze begréissen. Dat schéngt déi eenzeg Sprooch ze sinn, déi den Orbán versteet.
Am Mee hunn eng Rei Europadeputéiert d’Europäesch Kommissioun opgefuerdert, all Subventiounen un Ungarn ze sträichen, well dem Viktor Orbán seng Regierung ëmmer méi offensichtlech d'EU-Gesetzgebung ignoréiert. Elo sollen och d'ONGen nach méi staark kontrolléiert a sanktionéiert ginn. 20 EU-Memberstaaten, och Lëtzebuerg, fuerdere Moossname géint Ungarn.
E Projet de loi an Ungarn gesäit nämlech vir, dass zivil Organisatioune kënnen op eng schwaarz Lëscht gesat ginn, wa se beispillsweis d’Primautéit vum Bestietnis, vun der Famill a vum biologesche Geschlecht a Fro stellen. Weider ass virgesinn, dass Konte vun ONGe kënne blockéiert ginn, wa Geld aus dem Ausland dozou déngt, dat ëffentlecht Liewen ze beaflossen. D’Regierung zu Budapest wëll an Zukunft also nach méi Kontroll iwwert déi zivil Gesellschaft kréien. Besonnesch, well och déi onofhängeg Medie weider ageschränkt ginn. Ungarn ass deemno um beschte Wee vun enger Putinisatioun vum Land.
Esou ass am Abrëll d'Verfassung vum Land geännert ginn, fir d'Pride Parade zu Budapest vum 28. Juni u quasi ze verbidden: Méiglech Participante ginn ënnert dem Deckmantel vum Kannerschutz, mat Hëllef vu KI-bedriwwener Gesiichtserkennung a vu Geldstrofe menacéiert.
Meenungs- a Versammlungsrechter gi mat Féiss getrëppelt; dobäi hunn och d’Kanner e Recht drop, an enger oppener an toleranter Gesellschaft grouss ze ginn. Si solle kënnen ouni de rietspopulistesche Filter vum Orbán opwuessen, fir deen d'LGBTQ+-Communautéit eng Gefor duerstellt. Et handelt sech ëm eng kloer Violatioun vum Europäeschen Traité an e Verstouss géint déi Europäesch Mënscherechtskonventioun, déi all Zort vun Diskriminatioun verbitt.
Et geet hei awer ëm méi wéi nëmmen ëm Ungarn. Leider ginn et och an anere Länner Mouvementer a Parteien, déi ons Grondfräiheete wëllen aschränken a probéieren, eenzel Gruppen auszegrenzen an ze stigmatiséieren. Meenungs-, Versammlungs- a Pressefräiheet stinn ënner Drock. Dofir muss en Zeeche gesat ginn, dass esou eng Politik keng Plaz an Europa huet. De Bréif vun den Europaparlamentarier un d’Europäesch Kommissioun, fir all Gelder un Ungarn ze stoppen, ass dofir nëmmen ze begréissen. Dat schéngt leider déi eenzeg Sprooch ze sinn, déi den Orbán a seng Frënn verstinn. D’Europäesch Kommissioun, als Gardienne vun den Traitéen an de Conseil des Ministres sinn elo gefuerdert, fir d’Schrauwen unzezéien a Moossnamen ze decidéieren, déi där desastréiser Entwécklung en Enn setzen.