Wann d'Wourecht verhandelbar gëtt a Meenung d'Plaz vun Analysen hëlt, geréit eist demokratescht Fundament a Gefor. Doriwwer schwätzt haut de Bob Reuter, President vun der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg, a senger Carte Blanche.

Carte Blanche vum Bob Reuter

"Dir hutt Är Fakten, ech hu meng." Esou Aussoen héiere mir ëmmer méi dacks. Mir liewen an enger Zäit, wou Gefiller a perséinlech Iwwerzeegungen ëmmer méi dacks iwwer Fakte gestallt ginn. Dës Entwécklung, déi ënner dem Begrëff post-faktescht Denken bekannt ass, stellt eng seriö Gefor fir eis demokratesch Gesellschaft duer.

An enger Demokratie brauch et ee gesellschaftleche Konsens, eng gemeinsam Basis: déi vu verifizéierbaren Tatsaachen. Wa jidderee seng eege "Wourecht" konstruéiert, gëtt all Debatt zu engem Sträit, wou et just ëm Muecht geet an net méi ëm Argumenter driwwer, wat wouer ass.
Déi rezent Entwécklungen an den USA sollte fir eis all en Alarmzeeche sinn. Do goufe Wëssenschaftler bewosst als "enemies" bezeechent. Dat léist déif blécken.

Mir däerfen net mengen, mir wieren immun géint esou Entwécklungen. Och zu Lëtzebuerg ass ëmmer méi z’erkennen, datt etabléiert wëssenschaftlech Erkenntnisser relativéiert ginn. Et mécht sech eng Haltung breet, wou Meenunge mat Fakte verwiesselt ginn, wou systematesch Analysen duerch Anekdoten ersat ginn a wou d’Vertrauen an d'Vernonft erodéiert. Esou Entwécklunge sinn net harmlos – si knabberen um Fundament vun der demokratescher Kultur.

Wat mir brauchen, ass een entschlossenen Asaz fir eng Gesellschaft, déi sech d'Méi mécht fir erauszefannen, wat wouer ass, déi kritesch hannerfreet an déi bereet ass, der Wourecht och do an d’Aen ze kucken, wou se ongemittlech ass.

Mir wëssen, datt mir an enger Welt liewen, déi ëmmer méi komplex gëtt. Déi natierlech Versuchung ass: vereinfachen. Och wann d’Wëssenschaft net op alles eng direkt a gutt Äntwert huet, ass et awer derwäert sech, Schrëtt fir Schrëtt, un d’Komplexheet vun der Realitéit erunzetaaschten. Et gëtt kee schnelle Wee zur Wourecht, kee séieren Zougang zu de Fakten. Dat musse mir eis mat vill Aarbecht, mat Zweiwel, mat Feeler erschaffen. Wëssenschaftlecht Denken, dat bedeit och Provisoresches z‘akzeptéieren an Theorien ze testen an ze revidéieren. Et ass grad dës Bereetschaft, Feeler ze erkennen a se ze korrigéieren, déi d’Stäerkt vum wëssenschaftleche Geescht ausmécht. Dëst Eruntaaschten un d'Wourecht – mat aller Onvollkommenheet – ass ëmmer nach vill méi wäertvoll, wéi de Versuch, Fakten duerch Gefiller oder Dogmen z’ersetzen.

Als Gesellschaft hu mir d’Verantwortung, eis selwer an déi nächst Generatioune géint dëse Rutsch an een neien Obskurantismus z’impfen. Dat geet nëmme mat Bildung – an zwar mat enger Bildung, déi net nëmme Wësse vermëttelt, mee virun allem d’Fäegkeet, kritesch ze denken, Tatsaachen z’erkennen an Argumenter nozevollzéien.

Wëssenschaftlech Kompetenz ass keng Luxusfäegkeet fir Akademiker, mee eng demokratesch Noutwennegkeet. Eng fräi Gesellschaft brauch Biergerinnen a Bierger, déi gewëllt sinn, Fakte méi wäertzeschätze wéi gefillte Wouerechten. Do wou d’Wourecht kee Wäert méi huet, do verléiert och d’Fräiheet hire Buedem.