Viru knapps engem Mount, den 8. Mee, ass zu Roum den neie Poopst Leo XIV. gewielt ginn. Iwwert de Profil vum neie Pontifex, dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

Eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen

Villes a vill Intressantes ass schonn iwwer den neie Poopst gesot a geschriwwe ginn. Bis ewell schéngt hien universal akzeptéiert ze sinn a kënnt gutt un, innerkierchlech wéi och no baussen.

Als duebelen Amerikaner – Nordamerikaner vu Gebuert, Südamerikaner duerch Naturalisatioun a missionareschen Asaz – huet hie gutt Viraussetzungen, fir déi räich an déi aarm Welt ze verstoen a vläicht esouguer mateneen ze verbannen. Hien ass net onbedéngt eng charismatesch Gestalt, heescht awer net, datt hie keng Ausstralung hätt.

Déi Konservativ halen de Leo XIV. fir e gemäßegt Konservativen, déi Progressiv fir e gemäßegt Progressiven. Vun allem schéngt hien e bëssen ze hunn, an dat ass fir d’Eenheet vun der Kierch, déi an ënnerschiddlech bis géigesätzlech Lagere gespléckt ass, vu vireran net schlecht.

Ma no den éischten honnert Deeg, wann d’“Flitterwoche“ bis eriwwer sinn an déi éischt couragéiert Decisiounen ustinn, da muss och den neie Pontifex, grad bei däregen Dossieren, Faarf bekennen an da wäerten d’Streech vun der enger oder anerer Säit net ausbleiwen. Nach awer mécht hien d’Unanimitéit …

Wat huet den neie Poopst mat Lëtzebuerg ze dinn? Gläich zweeërlee. Hie staamt vun Chicago, do wou am 19. Joerhonnert vill Lëtzebuerger ausgewandert waren. An hie war bei der Poopstvisitt vum Franziskus de leschte 26. September heizuland als Kuriekardinol mat derbäi – wann och total am Schied, onopfälleg a vu kengem beuecht. Ëmmerhi kënnen d‘Franziskanerinnen um Belair, wou hien ofgestige war, sech bretzen, den neie Poopst schonn an hire Maueren op Besuch gehat ze hunn.

De Leo XIV. kënnt nom Leo XIII., deen Enn des 19. Joerhonnerts d’Kierch, wuel mat vill Verspéidung, un déi nei politesch a gesellschaftlech Evolutiounen erugefouert huet. Hien ass an d’Geschicht agaangen als de Poopst, deen d’Fundamenter vun der kathoulescher Sozialléier weltwäit geluecht huet, besonnesch duerch déi éischt Sozialenzyklika „Rerum Novarum“.

Ob a mat wat den neie Poopst Leo an d’Geschicht, d’Geschicht vun der Kierch oder esouguer d’Weltgeschicht, ageet, doriwwer ënnerhale mer eis eng aner Kéier, ma fréistens an e puer Joer.