Selbstjustiz am Internet stellt net nëmmen de Rechtsstaat a Fro, mä geet dacks Hand an Hand mat der Manipulatioun vu jonke Leit, déi vun extremistesche Gruppen ausgenotzt ginn.

Carte Blanche vum Carole Reckinger

Ëmmer méi dacks héiert ee Beispiller vu Selbstjustiz – besonnesch am Internet. Et schéngt, dass eng Rei Leit d’Vertrauen an de Rechtsstaat verléieren a selwer fir "Gerechtegkeet" wëlle suergen. Dobäi bidden d’sozial Netzwierker eng ideal Bün: Hei ginn Emotioune séier un d'Kache bruecht, komplex Themen op einfach Parole reduzéiert, an déi, déi mat spektakuläre Biller "Ongerechtegkeet entlarven", kréien direkt vill Likes.

Ee Beispill dovu sinn déi sougenannte Pedohunter-Gruppen. Méiglech Sexualtäter gi mat falsche Profiller vu Kanner oder Mannerjäregen an eng Fal gelackelt. Wa se op d‘Treffe kommen, gi se vun engem Grupp Männer empfaangen, attackéiert an humiliéiert. Oft gëtt dëst gefilmt an dono online gesat.

Rietsextrem a Verschwörungsgruppen notzen dëst emotional geluedent Thema bewosst aus, fir Mënsche géint de Staat an d’Justiz auszespillen. Hei geet et net an éischter Linn ëm Pädokriminalitéit, mä ëm politesch Agendaen. Divers Studie weisen, dass gezielt Versich vu digitaler Selbstjustiz ënnerwandert ginn a fir politesch Botschaften ausgenotzt ginn. D'Geschicht gëtt erzielt: "De System këmmert sech net – mir mussen eis selwer schützen!" Domat gëtt geziilt d'Vertrauen an de Rechtsstaat ënnerbonnen.

Déi oft jonk Männer wëllen eng heldenhaft Dot maachen, a mierken ze spéit, datt sou Aktioune fir si selwer schwéier juristesch Konsequenzen hunn. Grad jonk Leit sichen oft nach no engem Sënn a wëllen eppes "Heldenhaftes" bewierken. Likes, Luef an digital Gemeinschaft maachen dës Roll nach méi attraktiv. 
Et ass wichteg ze verstoen: Kannerschutz bedeit net, selwer Geriicht ze spillen oder Mënschen ëffentlech un de Pranger ze stellen.

Wat wierklech gebraucht gëtt, si professionell Ermëttlungen, gutt ausgebilte Beamten an e staarke Rechtsstaat, deen d’Kanner konsequent a respektvoll schützt.

Gläichzäiteg muss awer och méi gemaach ginn, fir politesch instrumentaliséiert Inhalter op de soziale Medien z’erkennen an z’ënnerbannen. Plattformen droen hei eng kloer Verantwortung – an d’Politik muss dat och afuerderen.

Datt ëmmer méi Leit sech fir Selbstjustiz begeeschteren, weist: D’Vertrauen an de Rechtsstaat an d’demokratesch Strukturen hëlt of. Grad extremistesch Gruppéierungen notzen dat aus a fërderen dës Dynamik weider. Wa mir dat net eescht huelen, riskéiere mir ëmmer méi Fäll vu politesch ënnerwanderter Selbstjustiz.