Eng gutt Formatioun fir gesond Finanzen

© rtl.lu
D’Iwwerschëldung ass ee schlëmme Probleem an dobäi ass et nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg. Ganz vill Leit liewen a ganz prekäre finanzielle Bedingungen a riskéieren all Ament, kuerz oder laangfristeg an d’Laberenten ze kommen. Wichteg ass eng finanziell Gesondheet. An dëser Carte Blanche gëtt gefuerdert, datt duerfir eng ausféierlech finanziell Bildung an de Schoulen ageféiert gëtt. An och déi eeler Generatioune solle gutt Informatioune kréie fir hir Finanze laangfristeg gesond ze verwalten.
An engem kierzleche Communiqué huet de Gouverneur vun der Banque de France, de François Villeroy de Galhau, sech besuergt gewisen, datt an der Lescht d’Zuel vun de Stéit déi iwwerschëlt si, erëm staark an d’Luucht gaangen ass. Ëmmer méi Famillje kommen an eng Situatioun, wou si hier Scholden net méi zréckbezuele kënnen a musse gehollef kréien *).
Och zu Lëtzebuerg hëlt d’Zuel vun deene Stéit zou.
Elo muss een awer soen, datt déi Fäll am Fong nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg duerstellen. Vill méi grouss ass déi Zuel vu Stéit, déi a ganz prekäre finanzielle Bedingunge liewen. Si hu besonnesch vill Schwieregkeete mat deenen héije Wunnkäschten, an och, ganz allgemeng, mat den héije Liewenskäschten. Do bleift um Schluss vum Mount kaum eppes iwwreg vun hirem Budget fir op d’Säit ze leeën. All déi Stéit hunn also seele genuch Geld op hirem Spuerbuch, op dat se zréckgräife kéinten am Fall vun engem gréissere Probleem.
Et ass schued datt hei zu Lëtzebuerg wéineg iwwert dat Thema geschwat gëtt, esou wéi d’Deputéiert Diane Adehm d’lescht Joer et an hirem Rapport iwwert de Budget treffend bemierkt hat **).
An Holland gëtt dogéint all Joers eng Etude gemaach iwwer d’finanziell Gesondheet vun de private Stéit. Hei gi 5 Aspekter ënnersicht an zwar d’Akommes, d’Depensen, d’Erspuernisser, d’Verschëldung an de Wee wéi d’Stéit hir finanziell Ugeleeënheete laangfristeg plangen. No gewësse Critèrë gëtt dann déi finanziell Gesondheet vun de Stéit bestëmmt. Déi Etude gëtt ënner anere gemaach vun Akademiker vun de renomméierten Universitéite vu Leiden a vun Tilburg ***)
An där Etude fält op, datt ronn d’Hallschent vun de Stéit an Holland eng vulnerabel bis ongesond finanziell Situatioun hunn. Dat sinn oft Stéit, déi vläicht gutt liewen, mee hire Liewensstil ass esou, datt se séier an eng ganz prekär finanziell Situatioune kéinte komme, wann se onerwaart grouss Schwieregkeete begéinen.
Opfalend ass awer och, datt jonk Leit méi Schwieregkeeten hu wéi déi eeler Generatiounen. Déi jonk Leit gebrauchen oft gläich déi modernst Systemer fir hir Finanzen ze geréieren, ouni all Risiken déi se mat sech bréngen ze verstoen. Dat deet een awer nodenken.
Et ass och kaum unzehuelen datt et hei zu Lëtzebuerg weesentlech anescht wier.
Duerfir ass et méi wéi noutwenneg, datt alles dru gesat gëtt fir besonnesch de jonke Leit eng gutt finanziell Formatioun mat op de Wee ze ginn. Ganz allgemeng sollten dann och déi aner Generatioune méiglechst vill Informatioune kréien, fir sécher mat hire Finanzen ëmzegoen.
Schlussendlech geet et drëms, datt all Bierger déi néideg Informatiounen kritt fir selbstänneg seng Finanzen op eng responsabel a nohalteg Aart a Weis ze verwalten. Domat soll de Bierger esou wäit ewéi méiglech, säi Liewe laang, eng gesond finanziell Situatioun kënnen hunn.
Michel Maquil
Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse
Fräie Wirtschaftsberoder
*) Rapport de l’Observatoire de l’inclusion bancaire 2024 | Banque de France
**) RTL Infos - Budget 2024: "Le surendettement est tabou dans le débat public", fustige Diane Adehm
***) Financial health of Dutch households