Leschte Samschdeg war eng grouss Manifestatioun vun de Gewerkschafte géint den Ofbau vum Lëtzebuerger Sozialmodell. Datt dëse souwuel eng Ressource fir onse Wirtschaftsstanduert wéi och e Géigegewiicht zum Demokratie-Defizit duerstellt, mengt de Soziolog Fernand Fehlen.

Carte Blanche - Fernand Fehlen

Am Zäitalter vun der Globaliséierung kënnen déi grouss international Entreprisen d’Staate géintenaner ausspillen, an deem se dohi ginn, wou se déi gënschtegst Bedéngunge kréien. Déi sozial Acquisen, wéi se nom Zweete Weltkrich entstane sinn, ginn doduerch detricotéiert an d’Ongläichheeten huelen erëm zou. Dës Tendenz huet mat der Margaret Thatcher an dem Ronald Reagen ugefaangen, an dëser Deeg mat dem Donald Trump senger “big beautiful bill” ee virleefegen Héichpunkt erreecht. De Sozialofbau, dee sech hannert der Vokabel Reform verstoppt, geet an deenen eenzele Länner méi oder manner wäit - bis elo ass Lëtzebuerg vun dësem Trend nach relativ verschount bliwwen.

De Räichtum vun der Lëtzebuerger Ekonomie baséiert op ville Pilieren. Et sinn net nëmme steierlech a reglementaresch Virdeeler, déi d’Entreprisen heihi lackelen, et sinn och d’politesch Stabilitéit an d’Traditioun vun enger konsensueller Aushandlung vun Interessekonflikter tëschent de Sozialpartner: dem sougenannte Lëtzebuerger Modell. D’Indexéierung vun de Léin, den héije Mindestloun, dee grousszügege Gesondheets- a Pensiounssystem stellen zwar e Käschtefacteur duer, mee de soziale Fridden ass eng gesellschaftlech Ressource, déi schwéier ze chiffréieren ass, déi awer och e komparative Virdeel duerstellt.

Ech well zousätzlech en aneren Aspekt betounen: D’Lëtzebuerger Ekonomie ass net nëmmen op auslännescht Kapital, mee och op auslännesch Aarbechtskräften ugewisen, déi aus der Groussregioun era pendelen oder sech am Land nidderloossen. Dës Mënschen hu kee Walrecht a sinn dofir praktesch aus dem politeschen Decisiounsprozess ausgeschloss. Déi grouss Gefor besteet doran, datt d'Parteien sech just un den Interesse vun enger iwweralterter Walbevëlkerung orientéieren.

Ech gleewen net drun, datt ech d’Aféierung vun engem Awunnerwalrecht – oder Auslännerwalrecht, wéi seng Géigner soen – nach erliewe wäert. Ausserdeem géif dëst de Frontalieren, déi geschwënn d’Majoritéit vun de Salariéeën duerstellen, nach kee Stëmmrecht ginn.

Dofir ass et wichteg, datt Gewerkschaften hir Interessi vertrieden an dem schaffende Vollek eng Stëmm ginn. An engem Europa, dat ëmmer manner Leit am aarbechtsfäegen Alter huet, si gutt Léin, eng iwwerduerchschnëttlech Sozialofsécherung a bezuelbare Wunnraum d’Viraussetzung, Mënschen ze fannen, déi bereet si bei ons schaffen a liewen ze kommen.