Trounwiessel, oder wéi d’Liewen esou spillt

Mam Guillaume huet Lëtzebuerg zënter dem spéide Freidegmoien en neie Grand-Duc. An enger perséinlecher Carte Blanche hëlt de Jean-Luc Thill Iech mat op eng Rees vun Zoufäll, oder wéi d'Liewe sou spillt.
Monseigneur, den Zoufall wollt hunn, datt Är Bomi, also d'Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte, vu menger Bomi, dem Léini Schreiner gebuer Majerus, frëscht Uebst a Geméis zu Colmer-Bierg an d'Schlass geliwwert krut. Dozou koum et, well se mat der ganzer Famill hiert Heemechtsduerf Nacher huet misse verloossen, nodeems d’Preisen d’Haus wärend der Rundstedt-Offensiv zerbommt a verbrannt haten, wéi och zwee vun de sechs Kanner begruewe waren. Am Krich verléiert schlussendlech jiddereen – fréier wéi och nach haut. Duerno hu si en neit Liewen ugefaangen an zu Colmer eng kleng Epicerie opgemaach. Sou koum et, datt si och ouni Titel e Fournisseur de la Cour waren. Meng Mamm huet ëmmer verzielt, wéi d’Mandarinnen a Kiwien – déi haut en vrac an de Grande-surfacen ausleien – eenzel a Watt verpaakt waren, fir dann nach per Hand kontrolléiert ze ginn, iert se hire Wee bei Är Famill op d’Schlass fonnt hunn.
Duerch e weideren Zoufall huet och mech dee Krich vu mengen éischte Schrëtt u begleet. Opgewuess zu Dikrech an der Revolvergaas – offiziell Rue du XI Septembre – gouf een ëmmer un dëst däischtert Kapitel aus eiser Geschicht erënnert. Wat als Commemoratioun vun der Befreiung vum Nazi-Regime geduecht war, also dem Enn vun der Ënnerdréckung an de Retour an eng laang vermësste Fräiheet a Selbstbestëmmung, krut zoufälleg eng weider historesch Bedeitung: Bei den terroristeschen Attacken op de World Trade Center den 11. September 2001 waren op en Neits eis Wäerter – virop d’Fräiheet – am Viséier vu radikalen Extremisten. Och dës Kéier konnt dat ofgewiert ginn an op en Neits war d’Welt duerno net méi déi vu virdrun.
Ech muss awer zouginn, datt ech mer och gewënscht hätt, deenen aneren hir, wéi och meng Steiergelder, hätten zoufälleg dozou gefouert, fir haut um 3. Oktober e richtege Feierdag ze organiséieren. Dat fir a mat Äre Bierger ze feieren an net fir europäesch Kinnekshaiser wéi och europäesch Spëtzepolitiker e schéinen Dag ze organiséieren – au frais de la princesse, wéi et sou schéin heescht. D'Feierlechkeeten e Samschdeg sinn do gefillt nëmmen e schwaachen Trouscht.
Wéi d’Liewe sou spillt, huet Är Erzéiung logesch zwéngend pro-monarchesch missen ausfalen, woubäi meng Educatioun mat virop der Passioun fir d’Philosophie aner logesch Schlëss mat sech bruecht huet. Sou schléisst d’Monarchie eeben all Chancëgläichheet à priori aus an et kann een a posteriori Ongerechtegkeeten net ausschléissen. Deemno bleiwen ech weiderhi méi iwwerzeegt vum Plato senger Philosophenherrschaft, oder Epistokratie, respektiv dem Aristoteles senger Politeia, also der Herrschaft vu villen zum Wuel vun der politescher Uerdnung, kuerz dem Staat. Rechtsphilosophesch ass eeben nach Spillraum no uewen – wéi och de Luc Heuschling e Méindeg op dëser Antenn argumentéiert huet.
Wann och philosophesch kee Frënd vun der Monarchie, sou sinn ech nach vill manner e Frënd vun engem pseudo-demokrateschen Absolutismus, voire Diktatur oder Oligarchie. Dës politesch Entwécklunge fëllen neierdéngs eis Noriichten a souguer bei eisem laangjärege Frënd a Libérateur vum Nazi-Regimm, den USA, schénge sou demokratie- a mënschefeindlech Iddien ëmmer méi op e fruchtbare Buedem ze stoussen.
Kuckt een awer d'Geschicht vun der Herrschaft zu Lëtzebuerg – ugefaange mat Ärer Urgroussmamm – da weist sech eng Traditioun vu Staatsraison, moralescher Gréisst, Oppenheet a Moderatioun. Charakterzich, déi och Dir, Monseigneur, mat an d’Wéi geluecht krut, woumat Konditiounen erfëllt sinn, fir e guttmiddege Souverän am aristotelesche Sënn ze ginn.
Mat dëse Prämissen ass et also méi wéi legitim, weiderhin eis konstitutionell Monarchie ze erhalen – am Interessi vum Land wéi och vum Bierger – amplaz sech op de Wee ze maachen an eng Republik mat engem ongebilten, onberechenbaren a schlëmmstefalls infantil-narzisstesche President voire Presidentin. Deemno mat Bléck op déi Zoufäll, déi och nach weiderhin op eis duerkommen:
Vive de Groussherzog! Vive Lëtzebuerg!