Vill Reegelen, wéineg Dynamik: ass Europa dobäi, sech ze bremsen? Doriwwer mécht sech den Tom Wirion seng Gedanken an der Carte Blanche vun haut.

Carte Blanche vum Tom Wirion

Virun engem Joer huet Mario Draghi der EU-Kommissioun e Rapport iwwer d'Wettbewerbsfäegkeet vun Europa virgeluecht. Seng Diagnos war kloer: ze wéineg Investissementer, ze lues Decisiounen, e fragmentéierte Marché an eng ongenügend technologesch Souveränitéit.

Elo, e Joer méi spéit, stellt dee selwechten Draghi fest: et huet sech kaum eppes gedoen. Wärend Europa nach debattéiert, hunn d'USA massiv an d’Innovatioun duerch hiren "Inflation Reduction Act" investéiert. A China huet seng industriell Positioun ausgebaut.

An Europa? D’Äntwert ass meeschtens: néi Reegelen. Datenschutz, Digital Service Act, KI-Gesetz… Fir all grouss nei Technologie kënnt als éischt e Reglement. Dat ass mëttlerweil bal d'Markenzeeche vun der EU ginn. Et besteet d'Gefor, datt Europa zwar als Norme-Muecht gëllt, mee doriwwer eraus net méi déi néideg Dynamik huet, fir och technologesch a geopolitesch eng féierend Roll ze spillen. A genee dora läit de Paradox.

Kucke mir op d’kënschtlech Intelligenz. D’EU huet als éischt e legale Kader geschaaft. Dat ass gutt. Mee wou sinn eis eege KI-Leaderen? Eis Fuerschungszentren? Eis Industrieplattformen? Eis grouss europäesch Tech-Firmen? Déi grouss Playere komme bal all aus den USA a China. A verschidde Start-upen iwwerleeën esouguer, Europa ze verloosse wéinst der Komplexitéit vun de Reegelen.

D’Kommissioun versicht d’Rudder nach ze dréien. Den 3. Oktober zu Turin huet d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen eng „AI-first Strategie" ugekënnegt, mat Pionéier-Stied fir autonom Autoen an en neie legale Kader fir Start-upen, dem sougenannte "28th Regime". Dat kléngt no enger neier Dynamik. Mee ouni signifikant Investissementer, ouni konkret Krittäre fir d‘Ëmsetzung an ouni en eenheetleche Marché riskéiere vill vun dëse Projeten theoretesch ze bleiwen.

Dëse Paradox trefft och eis kleng a mëttel Betriber, eis Handwierker, eis Familljebetriber. Wa Reglementer sech opstapelen an d’Zesummespill tëschent Bréissel, de Memberstaaten an de Verwaltungen net klappt, dann erstéckt all Initiativ. Europa leeft Gefor, sech ze vill iwwer Restriktiounen an ze wéineg iwwer Perspektiven ze definéieren an domat de formidabelen Entrepreneursgeescht, dee mir um ale Kontinent hunn, auszebremsen.
Et geet net drëm, Europa a Fro ze stellen, mee et ze verbesseren. Well grad seng Komplexitéit a seng Plus-Value eis verflichten, och seng Schwächten unzegoen. Dobäi däerf een net vergiessen, datt d’EU nëmmen esou dynamesch ka sinn, wéi hir Memberstaaten et erlaben.

Dat ass och de Kär vum Appell vum Mario Draghi: Europa huet keng Zäit méi ze verléieren. Wa mir an Zukunft onsen eegenen Ambitioune wëlle gerecht ginn, da musse mir weisen, datt Europa net nëmmen en Arbitter ass, mais en Acteur.