Matenee wuessen, mee leider net jiddereen am selwechten Tempo

Den Dépôt vum Staatsbudget ass all Joer d’Geleeënheet fir de Point ze maachen iwwert déi ekonomesch a budgetär Situatioun zu Lëtzebuerg. Mir dierfen do awer net déi sozial Situatioun aus den Ae verléieren an do stellt ee fest, dass de Budget net der sozial beonrouegender Situatioun zu Lëtzebuerg gerecht gëtt, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.
D'lescht Woch huet d’Chambre des salariés hiren alljärleche Panorama social vu Lëtzebuerg virgestallt, mat ënnert anerem villen Indicateuren iwwer d'Ongläichheeten an den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg. D'Zuele si beonrouegend. D'Ongläichheete ginn zënter 20 Joer ëmmer méi grouss zu Lëtzebuerg.
Eise Steiersystem, dee Kapitalerträg wesentlech manner besteiert wéi d’Léin, wa se iwwerhaapt besteiert ginn, an den och de Patrimoine vun deene ganz Räichen onberéiert léisst, dréit säin Deel derzou béi, dass d’Inegalitéite klammen.
Gläichzäiteg klëmmt den Aarmutsrisiko zënter 20 Joer tendenziell ëmmer méi héich.
Insgesamt sinn zu Lëtzebuerg 18% vun de Menagen dem Aarmutsrisiko ausgesat, also bal all 5. Ménage: dat ass iwwert dem europäeschen Duerchschnëtt.
Déi héich Léin klamme méi séier wéi déi niddreg a bei de schaffende Leit sinn iwwer 13% dem Aarmutsrisiko ausgesat. Dat ass traurege Rekord an Europa.
Bei den Elengerzéienden hu mer 32% Aarmutsrisiko, also bal all drëtten. A bei de Famillje mat 3 oder méi Kanner souguer 39%, drëtthéchsten Taux an Europa. Dat kënnt notamment duerch d’Aschneidunge bei der Kannergeldreform vun 2015.
Bei de Locatairen hu mer en Aarmutsrisiko vun bal 30%.
All deenen Donnéeën dréit de Staatsbudget net genuch Rechnung. Matenee wuessen, heescht hei leider net, dass déi, déi et méi néideg hunn, besser wechkommen. Am Contraire.
D’Betriibsbesteierung soll weider erofgesat ginn, dat ass virun allem e Kaddo fir déi grouss Betriber, notamment d’Banken. Dobäi wësse mer alleguer, dass déi souwisou schonns net de gesetzlechen Taux u Steiere bezuelen, wéinst deene villen Oofschreiwungsméiglechkeeten.
D’Privatpensioune solle steierlech nach méi gefërdert ginn, dat hëlleft virun allem deene Leit mat héijem Revenu, wärend d’Mindestrent awer net eropgesat gëtt. Dobäi sinn d’Persoune mat enger Mindestrent duebel sou oft dem Aarmutsrisiko ausgesat wéi déi aner Rentner.
D’Militärausgabe klamme vill méi séier wéi d'Sozialausgaben oder déi fir de Logement abordable oder de Klimaschutz. Hei gesäit ee gutt wat méiglech ass, wann eppes wierklech zur politescher Prioritéit gemaach gëtt.
De Plang géint d'Aarmut par contre léisst nach op sech waarden: do ass et lo awer mol wichteg a richteg, dass endlech eng strukturell Kannergelderhéijung soll kommen.
Beim Mindestloun a bei der Mindestrent, déi allebéid ënnert dem Aarmutsrisiko leien, ass dat leider net de Fall, obwuel hei dringend Handlungsbedarf ass, zemools wa mir wierklech wëlle matenee wuessen.