A senger Carte blanche fuerdert de Gilles Hempel, Direkter vun der Fondation pour l’Accès au Logement, d’Schafung vun engem National Housing Innovation Lab – ee Laboratoire, wou Staat, Gemengen, Associatiounen an Experten zesummeschaffe, fir de soziale Wunnengsbau an d’Wunnpolitik zu Lëtzebuerg nei ze denken.

Carte Blanche vum Gilles Hempel

Mir schwätzen zënter Joren iwwer d’Logementskris – a mir maachen ëmmer dat selwecht: nach eng Etude, nach eng Table ronde, nach ee Projet de loi.
Mee déi richteg Innovatioun … bleift aus.
An anere Beräicher ginn et Inkubatoren, Start-up-Laboe, Research-Clusteren – mee am soziale Wunnengsbau? Näischt.
Firwat hu mir zu Lëtzebuerg nach keen Housing Innovation Lab?
Eng Plaz, wou Architekten, Gemengen, sozial Acteuren, Ingenieuren, Fuerscher a Policy-maker zesummekommen. Wou een test, wéi ee besser, méi séier, méi bëlleg a méi nohalteg bauen a gutt zesumme wunne kann.

Wou ee Prototyppen entwéckelt – modulär Wunnengen, nei Finanzéierungsmodeller, Participatiounsprojeten.

Amplaz eis just am Krees ze dréinen, kéinte mir mol probéieren, eppes wierklech Neies ze maachen. Net jidderee fir sech im stillen Kämmerlein, mee all zesummen an engem oppene Raum, wou Feeler erlaabt sinn – an Iddie séier getest ginn.

Mee dofir brauche mir Courage:

·         Courage, och an dësem Sektor kreativ ze denken.
·         Courage, all d’Acteuren zesummenzebréngen.
·         Courage, Ressourcen ze deelen an aus Pilotprojeten ze léieren.

Mir hunn zu Lëtzebuerg genuch Intelligenz, mir musse se just vernetzen.

Wann d’Tech- an d’Finanzindustrie hir Innovation Labs huet, da sollt de Logement déi och hunn. E Land dat sech an enger Wunnengskris befënnt, däerf sech net mam Status quo zefridde ginn. Et ass Zäit, datt mir net nëmmen iwwer de Logement schwätzen – mee datt mer e nei erfannen.