D'Bank an de Risiko – wann eng Fassad wéi eng Villa behandelt gëtt
D'Sue fléissen net do, wou se solle fléissen. Dozou eng Carte Blanche vum Ekonomist Marc Hostert.
Ech wollt meng Fassad nei usträichen. Just usträichen. Kee Lift, kee Balcon, kee Glas-Stol-Monster. Einfach frësch Faarf.
Mee wéi ech dofir bei meng Bank gaange sinn, huet d'Geschicht ugefaangen, wéi wann ech géif eng Shoppingmall um Kierchbierg bauen.
D’Fro koum direkt: "Wéi eng Sécherheet kënnt Dir eis ginn?"
Ech: "Ech hunn d'Haus schonn zréckbezuelt."
Si: "Da géife mir eng voll Hypothéik drop maachen."
Pardon? Eng voll Hypothéik – fir eng Fassad unzesträichen?
Dat ass, wéi wann een eng Tankstell brauch, fir e Vëlo opzepompelen.
Et geet hei ëm eng kleng Investitioun, mat minimalem Risiko, op engem voll bezuelten Haus – also mat engem héije Wäert. An trotzdeem handelt d'Bank, wéi wann ech géif eng Start-up grënnen, déi mat Helikoptere Pizza verdeelt.
Eng voll Hypothéik ass net just eng Sécherheet. Si ass eng total iwwerproportional a ganz deier Ofsécherung fir d'Bank – op Käschte vum Client. An dat trotz enger Realitéit, déi se ganz gutt kennt.
Well maache mer eis näischt vir: Banke kréien Zënse genau dofir, dass se Risiko huelen. Dat ass net Belounung fir eng sécher Plaz am Schiet – dat ass hire Geschäftsmodell.
An net fir ze vergiessen: D'Aufgab vun enger Bank ass et, net just d'Suen ze parken a Prozeduren ze managen, mee d'Ekonomie ze ënnerstëtzen an ze finanzéieren. Wann d’Banken dës Aufgab net méi erfëlle kënnen, stellt sech d'Fro, wéi d'Wirtschaft soll weiderlafen.
Mee d'Realitéit ass: All kleng Demande leeft duerch intern Checklëschten, Compliance-Schläifen a Risikoscoring-Algorithmen. D'Decisioun gëtt net méi vum gesonde Mënscheverstand geholl, mee vum Apparat. Ech maache sécher hei kee Reproche un iergend e Mataarbechter.
Dëst Verhale geet wäit iwwert eng eenzel Demande eraus. Et blockéiert kleng Investitiounen, ëmständlech Prozeduren a bremst d’Ekonomie am klengen an am grousse Ganzen. D'Handwierker waarden. D'Chantiere stinn. D'Sue fléissen net do, wou se solle fléissen.
Et gëtt Zäit, dass d'Banke sech erëm drun erënneren, firwat se iwwerhaapt existéieren: Nämlech Finanzwiese soll d’Ekonomie an d'Leit ënnerstëtzen.