Et kann ee sech wuel gutt un dës Spréch vun eisen Elteren erënneren, déi hirem Ierger ob déi Aart a Weis Loft gemaach hunn, wann en aneren Automobilist sech net konform am Stroosseverkéier verhalen huet. Leider ass et net besser ginn, an dee Sproch ass haut méi wéi jee zoutreffend. Eng Carte Blanche vum Françoise Hetto.

Carte Blanche vum Françoise Hetto

Ofgesinn vum Fait, dass haut vill méi Autoen op eise Stroossen ënnerwee si wéi nach virun 30 Joer, ass et awer och esou, dass een et mat extrem ville Chauffeuren ze dinn huet, déi entweder total iwwerfuerdert an onsécher sinn, oder carrement respektlos an irresponsabel. Oder eng Kombinatioun vun allem.

Wat leeft do schif?

Winkere schénge bei de meeschten Autoskonstrukteure mëttlerweil net méi d’office agebaut ze ginn, mee sinn éischter eng Optioun. Sou kënnt et engem mol vir, wann dee virdru matzen op der Kräizung stoe bleift an dann no riets oder lénks ofbéit, ouni dat duerch de Winker ze signaléieren.

Laut engem rezenten Artikel behaapten d'Fahrlehrer, dass hautdesdaags ee Véierel vun de Fuerschüler d’Theorie net hikréien, an esou guer d’Hallschent bei der praktescher Prüfung duerchfalen. Eigentlech muss ee soen: Gott sei Dank, soss wieren nach méi inkompetent Chauffeuren ënnerwee. Mee wourunner hänkt dat: sinn déi Leit net konzentréiert wa se hir Prüfung sollen ofleeën, net prett, ze vill gestresst, oder ieren net gewinnt, sech seriö op een Exame virzebereeden?

Conduite accompagnée ass ee wonnerbare Moyen fir di eege Kanner iwwer länger Zäit ze begleeden, se op Geforen opmierksam ze maachen, se ze léieren ze antizipéieren, a se esou lues a lues op dat dach awer geféierlecht Autofueren ze preparéieren. Eng Obligatioun dorausser ze maachen ass ee Gedanke wäert.

An Däitschland ass et z.B. och nach esou, dass ee fir de Fürerschäin ze kréie muss en 1.Hëllef Cours matgemaach hunn. Eng gutt Saach. Do kéint een och hei zu Lëtzebuerg driwwer nodenken. Fir sech de Geforen och méi bewosst ze ginn, an, am Fall vun engem Accident kënnen ze hëllefen.

Ech denken och u Formation continue, fir jiddereen, well d’Verkéierssituatioun permanent evoluéiert.

Jidderee misst no enger Rei Joren 2-3 Fahrstonnen huele fir sech dem Verkéierschaos ze stellen, z.B. ze léiere wéi de Systeme tirette, dee mëttlerweil souguer am Code de la route steet, fonctionéiert.

Awer och drun erënnert ze ginn, dass ee sollt Ofstand halen an d’Kéieren net duerf schneiden.

Eng Schwäizer Etüd seet, dass Lëtzebuerg op Plaz 4 kënnt vun de schlechtsten, récksiichtsloseste Chauffeuren, no Lettland, Éisträich a Griicheland.

Wow.

Do kënne mer houfreg sinn. Mir sinn anscheinend Spëtzereider am Ignoréiere vu Gesetzer. Schëlter sinn Deko.

Leider spigelt sech dat do Verhalen och allgemeng an eiser Gesellschaft zréck. Wéi steet et ëm Respekt, Verantwortung, Héiflechkeet am Alldag: Mir kënnt et éischter vir wéi wann et un éischter Stell ganz ville Leit just ëm sech géif goen.

Et muss ee bal fäerten, wou dat do alles nach hiféiert.