Eng Carte Blanche vum Richard Graf iwwert d'Klimakonferenz a Brasilien an d'Noutwendegkeet, d'Instrument vun internationalen Accorden net einfach opzeginn.

14/11/2025 Carte Blanche vum Richard Graf

Zéng Joer nom „Accord de Paris“, wou déi international Staategemeinschaft sech derzou bekannt hat, derfir ze suergen, datt d'Äerderwiermung an der Joresmoyenne net méi wéi 1,5 Grad par rapport zur virindustrieller Zäit soll zouhëlt, fënnt an der brasilianescher Stad Belém d'COP 30 statt.

2025 sollt eigentlech ee Joer vun enger Aart Tëschebilan ginn. Och déi geographesch Lag vum Veranstaltungsuert an der Géigend vum Amazonas ass net ouni Bedeitung.

De Schutz vun de tropesche Reebëscher, a besonnesch deen vum Amazonas, war eng vun de wichtegste Mesurë géint de Klimawandel, déi schonn d'Weltklimakonferenz 1992 zu Rio festgehalen hat. Säit 2015 ass allerdéngs esou munches an der Welt geschitt. An dat wat 2015 nach Konsens war, gëtt ëmmer méi a Fro gestallt.

Zwar huet grad d'Covid-Epidemie zu engem wirtschaftleche Ralentissement geféiert, dee besonnesch an den Industrielänner kuerzfristeg den CO2-Ausstouss erofgoe gelooss huet. Allerdéngs ass den Tëschebilan 2025 trotzdeem decourageant : wann net déifgräifend Mesurë geholl ginn, da wäert d'Limitt vun den 1,5 Grad sécher wäit iwwerschratt ginn. D'Methoden an déi technesch Mëttele fir den CO2-Ausstouss zeréckzefueren, si bekannt. An och d'Argument, datt duerch d'wirtschaftlech Situatioun net genuch finanziell Mëttelen zur Verfügung stinn, gëllt net.

De cumuléierte finanziellen Bedarf bis d'Joer 2030 gëtt vun der UNO op 5 bis 6.900 Milliarden Dollar geschat. Op den éischte Bléck eng enorm Zuel, déi allerdéngs just 5% vum weltwäite Bruttoinlandprodukt vum Joer 2024 ausmécht – also knapp 1% Prozent pro Joer vun 2026 bis 2030. Grad wëll d'USA ënnert engem Präsident Trump sech aus dem Paräisser-Accord erausgemellt hunn, bitt sech Europa eng historesch Chance hei eng Virreiderroll ze spillen.

Tatsächlech huet d'EU awer eréischt am denkbar leschte Moment seng Hausaufgab, a Form vun den sougenannten NDC, den „National determined Contributions“, agereecht. An dat en plus mat engem faule Kompromëss, dee laut den Experte bei wäitem net duergeet. Dëse Kompromëss ass natierlech och dem allgemenge Rechtsruck am Europa zouzeschreiwen. Et fält ëmmer méi op, wéi konservativ a liberal Parteien sech vun de Klimaziler distanzéieren, an domadder de Klimaskeptiker zu ëmmer méi Gewiicht verhëllefen.

Statt präzis festgeluechten Ziler unzestriewen, daucht ëmmer méi dat Wuert vun der Flexibilitéit am politeschen Discours op, leider och bei eisem aktueller Regierung.