Aus liberal gëtt radikal
© RTL Grafik
De Serge Tonnar mécht a senger Carte Blanche Gebrauch vu senger Meenungsfräiheet, fir dem Xavier Bettel seng Demarchë géint jonk Aktivistinnen ze kritiséieren. Hie mengt, dass dat e geféierlecht a radikaliséiert Verhale vun eisem Vizepremier ass.
Et ass e bësse méi wéi fënnef Joer hier, dass e gewëssenen Turnup Tun am Appell fräigesprach ginn ass - no enger Plainte géint hien a säi Lidd FCK LXB. Déi dräi Beleidegt, déi hien ugesicht haten, kruten net Recht. Als ëffentlech Persoune musse si Kritik entgéinthuele kënnen an däerfe karikaturéiert ginn, och wann hinnen den Toun net passt, sou heescht et am Urteel. Hei hunn déi fundamental Wäerter wéi Meenungsfräiheet an d'Fräiheet vun der Konscht d'Iwwerhand behalen. Jo, déi Betraffen hunn och d'Recht, ze äntweren an d'Recht, beleidegt ze sinn. Allerdéngs ass beleidegt sinn e ganz subjektiivt Empfannen a gehéiert, menger Meenung no, mol guer net op e Geriicht. D'Justiz huet méi wéi genuch mat richteger Kriminalitéit ze dinn, si soll sech net och nach mussen Dag an Dag aus mat den Empfindlechkeete vun all beleidegter Liewerwurscht erëmschloen, an dat op Staatskäschten.
De Xavier Bettel ass do anerer Meenung, an dofir hunn ech en Déjà-vu mat senger Plainte, déi am Moment an der Aktualitéit steet. Dem XB geet en "Meme", also eng Karikatur, op Social Media géint de Stréch. Hie versteet net, wéi een esou radikaliséiert ka sinn, fir mat senger Persoun de Geck ze maachen, oder hie beim Iessen ze stéieren. En Déjà-vu, awer mat engem wesentlechen Ënnerscheed. Déi dräi Ugëeckten an der Causa FCK LXB stamen aus dem rietse bis rietsextreeme Lager. Mam Xavier Bettel senger Plainte géint jonk Aktivisten, déi seng Politik kritiséieren, si mer awer elo op engem ganz neie Level vun der Aschüchterung vun Aneschtdenkenden ukomm, ganz egal, ob hie se um Enn zréckzitt oder säi Schuedenersatz spendéiere geet, fir eng Cause, déi hien iwweregens domadder instrumentaliséiert.
Hei hu mer et ëmmerhi mat eisem Vizepremier an Ausseminister ze dinn. E Mann, dee sech zanter Joerzéngten am Zentrum vun der politescher Muecht ronderëm dreift. E sougenannte liberale Politiker, deen hei awer liberaalt Behuele verbidden a bestrofe wëll. De Chef vun eiser Diplomatie, deen awer hei op diplomatesch Léisunge verzicht an direkt déi schwéier Artillerie eraushëlt, an dat géint vermeintlech Feinden, déi him vu vireran ënnerleeë sinn. Mat där Method ass hie mat Putin, Modi an Erdogan a ganz gudder Gesellschaft, déi änlech repressiv géint Karikatur a Satir virginn. Leider läit et och am Trend, dass Politiker aus der sougenannter Mëtt ëmmer méi d'Parolen an d'Methode vun extreem riets iwwerhuelen, amplaz se ze bekämpfen. An dat ass déi wierklech Radikaliséierung, virun där mer hei Angscht sollten hunn. Dass een an der Ëffentlechkeet an an de Medien häerzlech wéineg Stëmmen héiert, déi Alarm schloen, sollt eis nach méi ze denke ginn. Net ze schwätze vun deene Medien, déi Nimm nennen a mam Fanger op eenzel Aktivistinne weisen. Do si mer wierklech bei der Hexejuegd ukomm, "fir Wourecht a Recht".
A mol ganz ofgesi vum Ugrëff op d'Meenungsfräiheet, ass dem Här Bettel seng Aktioun engem Staatsmann einfach onwierdeg. Wien a senger Positioun déi Zort Kritik net verdréit, deen hätt besser de Beruff ze wiesselen. E Vizepremier muss e Witz verstoen. Ech erënnere mech, wéi ech viru laanger Zäit e satirescht Lidd iwwert de Jean-Claude Juncker erausbruecht hunn, wou Aussoe vum deemolege Premier komplett verdréint goufen. Wat huet de gudde Mann gemaach? Eng Plainte? Nee, hien huet dem Kënschtler en Don vun 10 € iwwerwise mat der Noriicht "Merci fir d'Lidd". Huelt Iech mol eng Nues voll, Här Bettel.