Saal 600, Nürnberg
„Saal 600“ war am November 1945 Bezeechnung vum Geriichtssall zu Nürnberg wou Prozess géint Nazi-Krichsverbriecher ofgehale gouf. Haut 80 Joer duerno gëtt sech vill an de seriöse Medie mee och a méi dubiéisen Wierker domat ausernee gesat. Naziverbriecher als Trendthema ass de Sujet haut am Paul Hammelmann senger Carte blanche.
Momentan, 80 Joer duerno, kann een op verschidde seriéise Medie-Kanäl excellent Dokumentatiounen iwwer de Prozess fannen (1), muss een awer och feststellen dat d’Enormitéit vun den Naziverbriechen zu engem Kassenfüller net nëmmen an den asoziale Medien ausgeaart ass.
Naziverbriechen als neien Trend-Thema!
Do ass z.B. nieft dem historesch zwar zweiwelhaften awer duerchaus als respektvoll Opklärung geduechten Film "Das Verschwinden von Josef Mengele", den déi schwéier ze erdroe pseudowëssenschaftlech medezinesch Experimenter an de Kontext vum Mengele senger perverser Ideologie setzt, mee leider och op der Streamingplateform Netflix déi äusserst zweiwelhaft Serie „Monster“ an där grausaamst Konzentratiounslagerszenen als Ophänkert fir Historie vun engem Läicheschänder gebraucht ginn, eng Serie déi „Süddeutsche Zeitung“ virtrefflech als „Unverschämtheit“ tituléiert (2).
Als nächst dann zu Lëtzebuerg an de Kinoen d’Hollywoodproduktioun „Nuremberg“ mat dem Sympathieträger Russell Crowe den gemäss de Kritiker den Hermann Göring als duerchaus charismatesche mee süffisante Katzbrocken duerstellt, eng Produktioun déi der Eenzegaartegkeet vun den Naziverbriechen kengesfalls gerecht gëtt.
Den Nürnberger Prozess als historeschen a juristesche Virgänger vun aneren internationale Prozesser géint Krichsverbriecher verdéngt et dat een sech domat ausenanersetzt, besonnesch hei zu Lëtzebuerg wou déi faschistesch Menagerie jo virum Prozess 4 Méint zu Mondorf am Hôtel Palace, dem sougenannten „Camp Ashcan“ verhéiert ginn ass (3).
Doriwwer eraus huet de Prozess Jurisprudenz gemaach wéinst senger juristesche Komplexitéit – 3 verschidde Rechtssystemer, franséisch, brittesch-amerikanesch a russesch mateneen ofstëmmen – a well en eng nei Infraktioun, d’Verbrieche géint Mënschlechkeet agefouert huet.
Eng markant Dokumentatioun iwwer souwuel de juristesche wéi och den déif humanen Aspekt vun dësem Prozess ass d’Wierk „Rückkehr nach Lemberg“ vum Schrëftsteller a Journalist Philippe Sands (4).
Hien beschreift de Prozess mat Hëllef an aus der Vue vun deemolege Geriichtsreporter, Willy Brandt, Erich Kästner, Erika Mann, Josef Kessel, Golo Mann, Elsa Triolet, spéider bekannte Politiker oder Schrëftsteller, déi hier Gefiller treffend formuléieren, esou wéi kee Film et ka vermëttelen.
Zitat vun engem Journalist bezeechnend fir d’Stëmmung am Sall 600: "Der Anblick der Beschuldigten löste eine solche Empörung aus, dass es einen würgte".
(1) zB ARTE « Auf den Spuren der Geschichte. Die Nürnberger Prozesse 19.11.2025 20h15
(2) Süddeutsche Zeitung 06.10.2025
(3) „Codename Ashcan“; TNL 2017 mis en scène par Anne Simon
„Codename Ashcan“ Film de Willy Perelsztein ; 2020
(4) Original Titel „East West Street: On the Origins of Genocide and Crimes Against Humanity”; Philippe Sands 2016