Wärend Joren hate mir d’Solde fir gutt Affären ze maachen, elo hu mir och nach de Black Friday. An do gëtt et anscheinend Solden op quasi alles. An net nëmme wärend engem Dag. Gëtt et eng Méiglechkeet deene gudden Affären aus dem Wee ze goen? Heizou eng Carte Blanche vum Daniel Eischen.

Eng Carte Blanche um internationalen Dag vun der Loscht, vun der Ongehalenheet an der Demesure. An natierlech vun de gudden Affären, esou nennt een dat nämlech. Eng Carte Blanche um Black Friday. Dat ass eng gutt Affär. Dat duerft ech mir net entgoe loossen.

Carte Blanche vum Daniel Eischen

Wäiss a schwaarz oder schwaarz a wäiss... Mee et seet ee jo ëmmer: du solls d’Saachen net ëmmer esou schwaarz a wäiss gesinn. Et ass effektiv eng Saach vu Kontrast. Op eemol schéngt alles bëlleg, néideg an erschwénglech. An dat wëll, oder kann een net verpassen. Et ass jo och geschwë Chrëschtdag.

Ech wëll hei op kee Fall de Moralapostel géint de Konsum spillen. Mee et ass elo mol awer beandrockend wéi een op eemol Saache brauch, déi een nach virun engem Mount net um Radar hat.

Bei de gudden ale Solde wousst ee jo ëmmer wat kënnt. D‘Enn vun enger Saison, Kleeder déi nach an der Moud sinn awer net méi sou deier. A wann de Wanter eréischt am Januar ufänkt, da sinn d‘Solden de richtege Moment, fir eng nei schnuckeleg Wanterjackett ze kafen. Mee dee Set vu 5 elektresche Méckebaatschen oder déi Träppche fir d’Fassad ze botzen. Bei de Solde verkeeft een dat wat iwwereg bleift. Fir de Black Friday ginn extra Stocken ugeluecht. Et gëtt produzéiert, innovéiert, reduzéiert, zelebréiert...

Aus engem eenzege schwaarzen Dag gëtt eng Woch, e Mount, a wa mir schonns dobäi sinn, maache mir viru bis Silvester an da komme jo schonns d’Wantersolden. Am Dry January léisst ee säi Shopping Hangover hannert sech. De Portmonnie ass souwisou dréchen, da kann een och einfach op den Alkohol verzichten.

2024 hu mir alleguerte weltwäit 75 Milliarden Dollar ausgi fir de Black Friday. Ass dat vill? Dat sinn op alle Fall 10% méi wéi 2023. Déi selwecht Croissance gëtt och fir dëst Joer viraus gesot.

Black Friday ass ewéi en Horoskop. Et steet ee mueres op an um Handy gesäit een et: däi Stärenzeeche seet dir, dass du haut nei Bluetooth Kopfhörer brauchs. An du spiers et déif an dir: däi Stärenzeechen huet Recht. Et liicht grell op dech erof a weist dir de Wee an de Kafrausch.

A wann s du einfach emol eng Ronn géifs aussetzen?  Ech hunn de Moien e Mail kritt, fir en Online-Abo ze renouvelléieren. Hat dee scho ganz vergiess. Deen ass vum leschte Joer. Ech wollt online léieren Jazz Piano ze spillen. Esou wéi déi grouss. Hat mir dat och wärend e puer Méint duerch de Kapp goe gelooss, an dunn, um Black Friday, do hunn ech zougeschloen. 60% Remise.

Hu mech duerno och zweemol ageloggt an dunn ass et mir aus dem Kapp gaangen. An haut de Moien dann dee Mail: nach eng Kéier 60% Remise an och nach 5% dobäi well ech e sou een treie Client sinn. Dat kann ech mir dach net laanscht Nues goe loossen. Jazz Piano spille kënne mat 65% Remise a garantéiertem Succès.  Wäiss oder schwaarz: haut muss mäin Dag sinn.