Image ass alles

Wien ass méi dichteg wéi de Léon Gloden? Dat wier ee méiglechen Titel fir de kuerze Promo-Film, deen den Inneministère rezent an de soziale Medie publizéiert huet. Nodeems et am Politmonitor vun RTL an dem Wort fir den neie Chef an der Beaumontsgaass just duergoung, fir op déi 31. Plaz ze kommen an deene béise Gedichter a Lidder, muss elo den Image oppoléiert ginn, kommentéiert d'Dany Rasqué.
Wou kéint een dat besser maachen, wéi an enger frësch poléierter Luxuslimousine, där hire Präis den duerchschnëttleche Joressalaire vu ville Leit sécher iwwertrëfft. Experte soen awer, et wier net deen neiste Modell an d'Virgängerin hätt en nach kaaft. De Léon Gloden schéngt awer extrem houfreg op de Münchener Luxusschlitt ze sinn, well an deenen 2:20 Minutten, déi de Film dauert, gëtt e vu vir, vun hannen, vu bannen a vu bausse gewisen.
Mä loosse mer dat, net datt de Minister mengt, et wier ee jalous op den alen Auto vu senger Virgängerin.
"Een Dag mam Inneminister" heescht de Video an do kéint ee jo mengen, et géif een eppes iwwer d'Aarbecht vum Léon Gloden gewuer ginn, iwwer d'Dossieren, un deenen hie grad schafft. Mä nee: et gëtt ee just gewuer, datt den Här Gloden en ustrengende Beruff ze hu schéngt, wou et "seelen en normalen Dagesoflaf gëtt". Datt hien an de Regierungsrot geet, an d'Chamber an an d'CSV-Fraktioun an datt et ëmmer Imprevue gëtt. Datt ee Moies net weess, wat den Dag bréngt. Felicitatiounen Här Minister, da sidd der awer net grad esou wäit vum Vollek ewech, wéi ech een Ament gefaart hat.
Well Imprevuen huet jiddereen a sengem Dagesoflaf. D'Elteren, déi moies ugeruff kréien, datt d'Crèche muss zoubleiwen, de Salarié, deen nach puer Iwwerstonnen opgedréckt kritt oder Dokteren an Infirmièren, déi sech kuerz viru Feierowend nach ëm Leit këmmeren, déi an engem liewensgeféierlechen Zoustand an d'Spidol ageliwwert goufen... Just fir Iech e puer Beispiller ze nennen.
Eppes ënnerscheet si allerdéngs vun Iech: d'Entschiedegung, déi se dofir kréien! A si bretze sech dono och net an engem Video. Se fueren den Dag drop einfach viru mat hirer Aarbecht, och wa kee frësch poléierte Luxusschlitt se moies heem siche kënnt.
Är Regierungskolleegen haten et - op d'mannst bis elo - iwweregens och nach net néideg, sech esou an Zeen ze setzen. Si loosse sech zwar wuel filmen, wa se um Terrain sinn: zum Beispill d'Landwirtschaftsministesch um Bauerenhaff, de Premier, deen en Appell un auslännesch Residente gemaach huet, sech an d’Wielerlëschten anzeschreiwen, d'Santésministesch, déi e Statement fir den internationalen Dag vun der Impfung publizéiert oder d'Ministesch fir d'Mobilitéit an d'Travaux Publics, déi sech e Bild vun der CITA Zentral a vun der Salzhal mécht.
Zu kengem Ament gëtt een do awer gewuer, ob se mam Regierungsauto op d'Plaz koumen, mam Vëlo, ze Fouss oder mam Trakter. An deene Filmer geet et just ëm d'Saach. Ëm hir Aarbecht.
A fir nach eng Kéier op den Auto zeréck ze kommen: Ass dee Film gesponsert vun där Münchener Autosmark? Ech froe just, well een dee Won sou dacks dra gesäit. Hutt Dir dat finanzéiert, fir Ären Ego ze pushen oder awer de Steierzueler?
Fir de Rescht wënsche mer Iech vill Courage, fir Är vill Auslandsdeplacementer a passt nëmme gutt op, datt sech keng kriminell Heescherten an der Luxuslimousine verstoppen, déi duerno um Boulevard Royal eraussprangen.