A Groussbritannien an a Frankräich gëtt de Weekend gewielt an an den USA am November. An den dräi Länner gëtt vun "Schicksalswalen" geschwat. D’Annick Goerens kuckt a sengem Commentaire fir d’éischt Mol bei eis franséisch Noperen

Frankräich steiert riicht op een Desaster duer. Et leeft näischt nom Plang vum franséischen President Macron, dee wuel gehofft hat, sech mat dëse Stéchwalen nees méi politesch Kontroll ze verschafen, nodeems hien esou dramatesch an den Europawalen verluer huet. De Rassemblement national läit nom éischten Tour mat ronn 33 Prozent däitlech vir an huet gutt Chancen, nächste Sonndeg als Gewënner do ze stoen. Wa si eng absolut Majoritéit kréien, dann wäert hire Leader, den 28-Joer alen Jordan Bardella, déi éischt riets Regierung op d’Been stellen, déi eis Noperen am Hexagon, zanter dem Vichy-Regime wärend dem zweete Weltkrich gesinn hunn. Och wa si keng absolut Majoritéit kréien, wäert Frankräich mam Rassemblement national politesch blockéiert sinn. Et stinn - egal wéi - keng einfach Zäite virun der Dier.

2017, wéi de Macron fir d’éischt gewielt gouf, hat den deemolege Front national just 8 vun am Ganze 577 Deputéiert an der Assemblée nationale. Déi Kéier gesäit et aus, wéi wa si iwwer 200 Sëtz kéinte wannen. De Macron hat versprach, Frankräich virun Riets-Extremismus ze schützen, well hie riets géing iwwerflësseg maachen, andeems hie lénks a riets Walprogrammer an senger Zentrumsbewegung géing zesummeféieren. Dat ass him jo gutt gegléckt. (Ironie OFF). Hien hat versprach, keng Reforme vun uewen erof ze maachen an e neien Regierungsstil anzeféieren. Hien hat deemools vu sech selwer als Revolutionär mat Kostüm/Krawatt geschwat a sot ënnert him géingen d’Interêten vun eenzele Gruppéierungen net méi consideréiert ginn.

Revolutionär war et allerdéngs net, dass hie wichteg Decisiounen eleng geholl huet; dass hien net op politesch Participatioun gesat huet, mä vun uewen erof diktéiert huet. Eng Pensiouns- an Immigratiounsreform plus Baueren- a Gilets-Jaunes-Protester méi spéit werfe vill Leit him vir, hien hätt Frankräich gespléckt.

Mä firwat gouf iwwerhaapt e Mann gewielt dee vun Ufank un sou däitlech d’Elite a Frankräich inkarnéiert? Dee vun Kand un déi exemplaresch Billerbuch-Karriär opweises huet, an där prestigiéis Institutiounen an Elite-Schoule säin CV rëschten? Deen direkt no senger Uni fir eng deck Investmentbank (Rothschild) geschafft huet a vun do an de Wirtschaftsministère ënnert dem François Hollande gewiesselt ass?

D’Bild ass a ville Länner dat nämmlecht. An d’Politik packen et eben virop Leit, déi an de richtege Schoule waren, déi richteg Leit kennen, déi richteg "Connections" hunn an natierlech genuch Goss, fir hir Iddien ze finanzéieren. An England nennt den Owen Jones dat den Establishment.

An iwwerall, ma besonnesch a Frankräich, misst e wichtege Schrëtt gemaach ginn. Nämlech manner Elitismus, manner Arroganz, manner Pomp am Élysée an dofir méi Humilitéit a méi Versteesdemech fir déi einfach Leit.