Iwwer den Zougang zu Dokumenter an d’Demokratie an der Chamber

D’Droung un d’Deputéiert ass kloer: Gitt dat net der Press, soss rabbelt et.
Sonndesrieden iwwert d’Demokratie ginn net duer. Et muss een och heiansdo Courage hunn, se aktiv op der Front ze verdeedegen, mengt d’Michèle Sinner a sengem Kommentar.
Ech weess net, ob der se héieren hat, mee de Chamberspresident Claude Wiseler hat Nationalfeierdag an der Philharmonie eng wierklech intelligent an engagéiert Ried gehalen. Et war en Opruff, fir d’Demokratie ze verdeedegen. Zu deenen Elementer vun der Demokratie huet hien ënner anerem och d’Pressefräiheet gezielt a gesot:
«Och wann een heiansdo als Politiker vun der Press zolidd kritiséiert gëtt an net ëmmer frou doriwwer ass, ass et awer e Seegen, datt d’Press zu Lëtzebuerg d’Politik däerf kommentéieren. A reegelméisseg an hefteg och däerf kritiséieren. Eng fräi Press, déi der Wouerecht verschriwwen ass, ass an Zäite vu Fake News an onkontrolléierte soziale Medien méi ewéi wesentlech.»
Ma soll dat ieren eng Sonndes-, respektiv eng Feierdagsried gewiescht sinn? Well zwee aktuell Beispiller weisen, datt et ëmmer méi schwiereg gëtt, als Journalisten der Wouerecht op d’Spuer ze goen. Well d’Schrauwe bäigezunn ginn. Och an der Chamber.
Éischtens, der Inspection générale des Finances hire Rapport iwwert d’Sproochenapp, déi d’Pirateipartei fir den Ona geschriwwen huet. Zweetens, de KPMG-Audit iwwert de Science Center, deen den Educatiounsministère an Optrag ginn huet. A béiden Dossieren geet et ëm de Ëmgank mat ëffentlechen Suen.
D’Commission d’accès aux documents, dee Gremium, deen decidéiert, ob Informatiounen zougänglech gemaach ginn – oder eben net, huet entscheet, datt den Ona-Rapport geheim bleift a sech op d’Gesetz iwwert déi transparent Administratioun beruff. An dat seet tatsächlech, datt d’Dokumenter, déi mat der Kontroll, der Inspektioun an der Regulatioun vun den Administratiounen ze dinn hunn, d’office net public gemaach ginn. Do kann ee sech froen, wéi déi Kontroll soll wierken, wa keen eppes vun hir matkritt.
D’Deputéiert aus der Budgetskontrollkommissioun kruten den Ona-Rapport zwar, awer mat engem individuelle Waasserzeechen drop, fir Fuitten ze retracéieren.
Den Audit vum Science Center wollt den Educatiounsminister Claude Meisch der Chamber just ënner der Konditioun ginn, datt d’Deputéiert sech de Confidentialitéitsklausele verflichten, déi d’Auditfirma KPMG dem Ministère z’ënnerschreiwe ginn huet. Do kann ee sech froen: Bestëmmt elo wierklech eng Auditeursfloskel d’Handele vun der Regierung? Well, datt dee Minister, dee virun de Walen eng haart Linn am Dossier gefuer ass, sech lo hannert KPMG verstoppt, ass komplett absurd. Schliisslech maachen déi, wat se vun deem, dee bezilt, gesot kréien.
Dofir ass d’Droeung un d’Deputéiert a béide Fäll ganz kloer: Traut Iech net der Press déi Dokumenter ze ginn, soss rabbelt et. Mir wëssen, wien der sidd.
Wou ass de Probleem - wann d’Deputéiert d’Dokumenter kréien, ass jo alles gutt, d’Parlament kontrolléiert d’Regierung, wäert elo muncher ee soen, a froen: firwat mengt d’Press, se misst iwwerall hir Nues erastiechen?
Deene Leit sief gesot, datt a béide Fäll d’Deputéiert vläicht guer net op d’Iddi komm wieren, d’Ënnerlagen iwwerhaapt bei der Regierung unzefroen, wann d’Press - an deem enge Fall d’Wort an deem aneren RTL-, net virdrun dovu geschwat hätten. Dat goung awer just, well een, deen dat am Fong och net hätt dierfen, hinnen eng Informatioun ginn huet.
Ween also wéi de Claude Wiseler wëll, datt jidderee seng Roll ka spillen an der Demokratie, fir datt se net stéckerchersweis verluer geet, dee muss net just akzeptéieren, datt dofir d’Reegelen a Klauselen heiansdo musse gebrach ginn. E muss och de Courage hunn, et aktiv ze maachen. Dofir vun dëser Plaz schonn mol am Viraus demokratesch Remerciementer. A PS: Net vergiessen: Mir hu Quelleschutz.