D‘Schueberfouer huet hir Dieren nees zougemaach. Spéitstens elo ass de Summer och vum Gefill hir eriwwer. E Méindeg ass Rentrée an de Schoulen.

A Stau a Stress si virprogramméiert. Net ze schwätzen vun de groen an naassen Deeg, déi op eis duerkommen. De Pierre Jans huet fir säi Commentaire no Léisunge gesicht, wéi een trotzdeem positiv op déi nächst Méint kucke kann.

Commentaire vum Pierre Jans

Ech hunn den Hierscht-Blues e bëssen. Wéi all Joers, wann d‘Sonn méi fréi ënnergeet an et nees kal an naass dobausse gëtt.

A wann et eriwwer ass mam Dolce far niente, einfach näischt maachen. Op d'mannst hëlt ee sech dat jo ëmmer vir, wann een d‘Chance huet, an d‘Vakanz kënnen ze fueren. Kuerz virdrun rett ee sech mat deem Gedanken jo Dag fir Dag bis an de Congé. Ma d‘Arrivée um Mier oder an de Bierger, heescht net automatesch, dass een och wierklech an der Vakanz ukomm ass. A scho guer net, dass een et fäerdeg bréngt, wéi geplangt, näischt ze maachen. Eng flott Uertschaft kucken hei, e Musée do, e bësse weider ass en Top-Restaurant – hei komm mir froen d‘Kolleegen, ob se matkommen, déi si jo och an der Toskana – da ginn Messagen hin- an hier an tëschenduerch gëtt awer nach e Mail beäntwert. Da fënnt ee keng Parkplaz, et kënnt een ze spéit an doriwwer iergert ee sech. Owes dann de Constat: schonn nees louch een net de ganzen Dag einfach op der Transat.

Et ass keng nei Erkenntnis, dass Näischt-maachen net dem Mënsch seng gréissten Stäerkt ass. Ech denken un dem Loriot säi Sketch Feierabend vun 1977. E Mann sëtzt um Canapé a wëll einfach näischt maachen. Ma seng Fra insistéiert: „Awer iergendeppes méchs de dach?“

Wourop ech erauswëll: D‘Ofschalten, dat ee sech an eiser séierer a komplexer Welt dacks erbäiwënscht, ass extrem schwéier. Déi dramatesch Terror-Attack zu Solingen ass iwwer d‘Push-Noriichten awer bei eis Vacancieren ukomm an huet eis zudéifst beonrouegt. D‘Caritas-Affär dierft op sou munchem Lëtzebuerger Dësch ënner bloem Himmel nawell Gespréichsthema gewiescht sinn.

A wéi gesot, an all Vakanz – sou flott wéi se war - hëlt ee sech dann awer ze vill vir an dann ass ee méi séier ewéi ee kucke kann nees zeréck am kale Lëtzebuerger Alldag. Grond ze panikéieren? Nee!

Als éischt kann ee sech bewosst maachen, dass Hierscht-Blues wuel éischter e Luxus-Problem ass.

Genial, wann een iwwerhaapt Vakanz ka maachen.

Wat wär Vakanz dann och ouni hire Géigendeel, d‘Schaffen?

Wat wär déi waarm Sonn ouni de kale Reen?

Ech ginn zou, dass ech et net richteg novollzéie kann, mä et soll Leit ginn, déi den Hierscht souguer richteg flott fannen. Ebe well een an der Joreszäit schéi spadséiere goen kann. Ganz ass d‘Sonn jo net fort. Beweegung dobaussen ass den Experten no effektiv dat beschte Rezept géint den Hierscht-Blues. Am Internet liesen ech, dass dat ass wéinst dem Serotonin, dat da fräigesat gëtt an eis monter stëmmt.

Hierscht-Blueser kënne sech och sécher sinn, dass Iesse glécklech mécht. Menger Meenung no virun allem Raclette. Am beschten a gudder Gesellschaft (an a Moossen).

Natierlech soll een informéiert bleiwen a sech fir d‘Aktualitéit interesséieren. Ech fannen, et brauch ee sech awer net ze schummen, wann ee sech mol e schéinen Dag mécht, och wann d‘Krisen an der Welt sech heefen.

„Lee e bëssen liicht Musek op“, séngt den italieeneschen Duo Colapesce, Dimartino a sengem Lidd Musica leggerissima, „lee e bëssen liicht Musek op, fir dass mir net an dat schwaarzt Lach falen.“

Da si mer nees bei der italieenescher Liichtegkeet, dem Anti-Blues, wann ee sou wëll. An dem Gedanken, dass et dann déi nächst Summervakanz wierklech eppes gëtt mam Dolce far niente.