Commentaire vum Marc HoscheidD'LSAP setzt op den neien "alen" Engel an d'CSV op den alen "neie" Luc

Marc Hoscheid
Am Moment ass zu Lëtzebuerg d'Zäit vun de Parteikongresser, woubäi déi vun der CSV an der LSAP erausstiechen. Esouwuel bei der gréisster Partei vum Land wéi och bei der gréisster Oppositiounspartei steet nämlech d'Wiel vun enger neier Spëtzt um Ordre du jour. Wärend bei de Chrëschtsozialen alles beim Ale bleiwen dierft, setzt ee bei de Sozialisten op ee Renouveau. Zwee verschidden Usätz, mee mat Bléck op d'Personal iwwerzeegt awer keen esou richteg, mengt de Marc Hoscheid a sengem Commentaire.
© RTL

De Commentaire vum Marc Hoscheid

Nach haut sinn der vill bei der LSAP houfreg dorobber, datt se dobäi waren, wéi wärend der éischter Dräierkoalitioun d’Trennung vu Kierch a Staat ëmgesat gouf. Déi aktuell Fraktiounspresidentin Taina Bofferding war zudeem Grënnungsmember vun der Allianz vun den Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg. Ma fräi nom Motto, “In der Not frisst der Teufel Fliegen” setze se bei de Sozialisten, lo wou se an der Oppositioun sinn, op eemol awer op Hëllef vun uewen. Net manner wéi een Engel soll d’Presidence iwwerhuelen an d’Partei nees zeréck an d’Regierung féieren. Nee, mam Engel ass net d’Maxime Miltgen gemengt, d’Stater Gemengeconseillère, déi ee knapps an der Stad kennt, si ass éischter do fir d’Rei voll ze maachen, mee de Georges Engel. De fréieren Aarbechtsminister ass ee vun deene wéinegen an der LSAP, déi een nach mat Aarbecht a Verbindung bréngt, mat Bléck op d’Parteibasis an déi klassesch Wielerclientèle ass dat also ganz sécher keng domm Decisioun. Allerdéngs steet de 57 Joer ale Süd-Politiker, dee 15 Joer Buergermeeschter vu Suessem a viru sengem Wiessel an d’Regierung Fraktiounspresident war net grad fir ee Renouveau. Ob hien als potenzielle Spëtzekandidat bei de Walen 2028 nei Wieler unzéie kann, do dierf een op d’mannst ee Fragezeechen hannendru maachen.

Bonne Chance wäert een iwwerdeems bei der CSV denken, wou ee mat engem Engel an der Vergaangenheet jo éischter manner gutt Erfarunge gemaach huet. Hat de Frank Engel mat sengem Frëndeskrees nach fir Onfridde gesuergt, huet de Luc Frieden mat senger “Ech sinn net op der Sich no Frënn"-Attitüd eben dee Fridde bruecht. Net am Noen Osten, do lauschtert kee Mënsch op de Luc Schalom, mee awer op d’mannst am Mikrokosmos vun de Lëtzebuerger Chrëschtsozialen. Bei deenen ass an 10 Joer Oppositioun villes zerbrach, awer d’Obrigkeitshörigkeit funktionéiert nach wéi zu beschte Jean-Claude Juncker-Zäiten, sou datt, alle schlechten Ëmfroen zum Trotz, kee sech traut, géint den Obermufti unzetrieden. Domadder läit d’Warscheinlechkeet, datt d’CSV 2028 mat engem anere Spëtzekandidat wéi dem Luc Frieden an d’Wale geet quasi bei Null. Natierlech ass de Premier ee logesche Choix, well d’Amt normalerweis ee gewësse Bekanntheetsbonus mat sech bréngt. Woubäi ee sech beim Luc Frieden schonn d’Fro stellen dierf, ob dat wierklech ee Virdeel ass. Den Image vum “neie Luc” kann een an zwee Joer op alle Fall getrouscht am Tirang loossen an den alen oder de vintage Luc schéngt d’Leit net wierklech ze iwwerzeegen. Un engem neien Image wäert d’Françoise Kemp iwwerdeems net méi als Co-Generalsekretärin matschaffen, si kandidéiert net méi fir dee Posten, deen an Zukunft wuel eleng vum Alex Donnersbach besat wäert ginn. An der Oppositioun hunn déi Duebelspëtzte jo nach Sënn gemaach, fir méi Leit eng gewësse Visibilitéit ze ginn. Ma wann déi ganz Partei souwisou am iwwerraschend grousse Schied vum Luc Frieden steet, da brauch een och keng Duebelspëtzte méi.

Back to Top
CIM LOGO