
Schonn am Kannerfilm “das Dschungelbuch” huet et an der däitscher Versioun vun engem Lidd geheescht: “Probier’s mal mit Gemütlichkeit”. Wat vläicht als banal Film-Zeen tëscht dem Balu an dem Mogli ka klasséiert ginn, kann een awer, wéi esou dacks a Kannerfilmer, och als Message fir dat reellt Liewen mat op de Wee huelen.
An enger Welt, an där een am Minuttentakt mat Norichte konfrontéiert gëtt, een d’Gefill huet, permanent connectéiert a mussen erreechbar ze sinn, sech wéinst de soziale Medien och ëmmer nees mat anere vergläicht, do kann ee séier d’Gefill kréien, datt d’Zäit ëmmer méi séier vergeet. Ëmmerhi muss ee jo direkt op eng Noricht oder E-Mail äntweren, um neiste Stand bleiwen, mat der Zäit goen…
Effektiv empfanne vill Jonker hei am Land dat esou, op d’mannst huet dat den neiste Jugendrapport festgestallt, deen des Woch presentéiert ginn ass.
An esou enger schnelllieweger Welt bleift séier wéineg Zäit, fir déi méi wichteg Saachen am Liewen: Et bleift manner Plaz fir offline Hobbyen, Engagementer an de Veräiner oder och ganz einfach Langweil. Ma och fir Léift an Tëschemënschlechkeet ass manner Plaz: D’Zäit an der Online-Welt hëlt engem Zäit an der Offline-Welt, a genee hei läit, wéi ech fannen, eng grouss Gefor.
Déi sozial Interaktioune ginn ëmmer méi abstrakt: Mir sinn zwar mat Mënsche ronderëm d’Welt esou vernetzt wéi nach ni, an dach schéngt des Connectivitéit net zu méi Empathie ze féieren. Firwat géif et soss op esou ville Plazen op dësem Planéit nach esou vill Misär ginn? Firwat géife soss ëmmer méi nei Konflikter a Kricher op der Welt entstoen? Firwat géif soss nach ëmmer net genuch iwwer humanitär Krisen a Länner wéi beispillsweis dem Sudan oder dem Myanmar geschwat ginn?
Kricher gouf et nach ëmmer, och a manner rasanten Zäiten, dat stëmmt. Mee de Punkt ass dach deen: Mir hunn haut esou vill Méiglechkeete wéi nach ni virdrun, mee wéinst der Schnellliewegkeet ronderëm eis, hu mer Mol keng Zäit dës ze notzen. Oder éischter, mir ginn eis déi Zäit net.
Mir ginn eis net d’Zäit, eis anstänneg mat deenen Informatiounen auserneen ze setzen, déi mir kréien. Mir ginn eis net Zäit, den Handy auszemaachen, an offline iwwer dat ze reflektéieren, wat een erlieft huet. Mir ginn eis net d’Zäit, am Liewen och emol Landstrooss ze fueren.
Et ass eng geféierlech Grondlag fir Desinformatioun, fir ee Gefill vu politescher a sozialer Frustratioun an engem méi allgemenge Gefill vun Distanz mat der Gesellschaft an där mir liewen.
“Probier’s mal mit Gemütlichkeit” ass also net vu Muttwëll. Dobäi géif ech den Text hei ëmschreiwen: Komm mir probéieren emol, méi am hei an elo ze sinn.