
Den Immobiliesecteur seet d’Vertraue bei den Neibauten, de VEFAen, ass fort, an d’Politiker widderhuelen de Message ewéi e Papagei. Well d’Zënse viru véier Joer geklomme sinn a well et e puer Faillite vu Bauentreprise gouf, motzen déi Leit, déi op Terrainen sëtzen, fir déi se ze vill bezuelt hunn. An déi, déi Milliounen oder Milliarden op der Säit hunn, wëlle keng Bauprojeten méi virfinanzéieren, well een net méi genuch kann erausschloen.
De Xavier Bettel huet also seng Kap vu Minister fir de Commerce extérieur ugedoen, fir elo Immobilie-Commerçanten an d’Ausland sichen ze goen. Mat steierlechen Extrawurschten kritt hie vläicht en Investisseur, iwwerzeegt, puer nei Këschten – à condition, datt en däerf – hei ze bauen, amplaz zu Dubai. Geléngt him dat dann: Bravo! Dann ass an e puer Joer d’Offer geklommen.
Mee ewéi eng Offer? De fréiere Stater Buergermeeschter misst wëssen, datt d’Gemeng bestëmmt, wéi vill op engem Terrain ka gebaut ginn. Autoriséiert se méi Wunnenge pro Ar, kann de Projet méi rentabel, respektiv méi bëlleg sinn. Datt an der Stad 40 Prozent vun den Aarbechtsplazen, mee just 20 Prozent vun den Awunner sinn, an datt nei Quartiere manner dicht bebaut a bewunnt sinn, wéi aler, dat weist, datt d’Stater Märei zu deene gehéiert, déi bremsen.
Fir Margen ze maachen, muss de Spekulant dann en deiere Präis froen. Ëmsou méi muss en da froen, wann een d’Normen a Reklamatioune bedenkt, déi Meterkareeën a Margë kaschten. Wann de fréiere “Buergermeeschter vum ganze Land” dann trotzdeem Spekulante siche geet, dann ass dat ewéi Ueleg op d’Feier geheien. Wou am Ausland Stied versichen, sech géint Immolbilienhaien ze verdeedegen, geet Lëtzebuerg der sichen.
Iert een op d’Schnapsiddi kënnt, nach méi Suen an d’Ausland oder via staatleche Logementsemprunten oder Bonds sichen ze goen, muss d’Baupotential erhéicht ginn: méi héich bauen, méi kleng Wunnenge favoriséieren, manner Virschrëften, déi Meterkareeën opfriessen, am urbane Raum imposéieren. Eidel Terrainen a Wunnenge méi resolut mat Steieren a Remembrement mobiliséieren. De Staat, a besonnesch d’Gemeng Lëtzebuerg – zweet gréisste Besëtzer vu Bauland am ganz e Land (sic) - solle selwer méi bauen.
Déi nei Regierung wëll eng Rei vun de Problemer verstanen hunn, mee d’Ëmsetzung vu méi séiere Prozeduren brauch sou laang, datt ee kéint mengen, et géing keng Urgence ginn. Un d’Gemengenautonomie traut se sech och net drun.
Wann een dann nach mat Google Maps d’Land, a besonnesch d’Stad Lëtzebuerg, genee ënnert d’Lupp hëlt, kann ee just nach zu follgender Conclusioun kommen: entweder d’Politiker um Rudder verstinn de Probleem net, se fäerten ëm hir lokal Wieler. Se sinn net betraff. Oder se dreiwe bewosst d’Präisser erop oder bedreiwe Clientelismus.
De viregte Premier Bettel sot jo selwer: “Dir hätt jo kënnen e Prêt maachen” an dee virdrun, de Juncker, dee sot: “Mir sinn alleguer Klengkapitaliste ginn.”