
Grond ze feieren an domat och eng Motivatioun, fir weider fir d’Fraerechter ze kämpfen. Net fir näischt stellen d’Organisatricë vun der feministescher Marche e Sonndeg d’Gesondheet vun der Fra an de Mëttelpunkt. Well nach ëmmer ass et normaliséiert, dass Frae leiden, fënnt d’Fanny Kinsch a sengem Commentaire.
Wann ee kee Mann ass, ass ee bei der Gesondheetsversuergung kloer am Nodeel. Dat kléngt vläicht iwwerraschend, mee Medikamenter ginn ëmmer nach virun allem u Männer getest, sou dass esouwuel d’Wierkung ewéi d’Niewewierkunge bei Fraen anescht kënnen optrieden. Fraen hu bei heftege Krankheetsfäll wéi Häerzinfarkt aner Symptomer wéi Männer – déi sinn awer manner bekannt. Krankheeten, déi Männer net betreffen, wéi Endometrios, si wéineg erfuerscht a gi spéit oder guer net diagnostizéiert. D’Menopause bleift en Tabuthema, vill Frae fille sech eleng gelooss, dobäi kënnen d’gesondheetlech Konsequenze considerabel sinn.
Et gëtt ëmmer nach normaliséiert, wa Frae Péng hunn oder sech net gutt fillen. Et geet hei och net ëm e Randphänomen – all 10. Fra huet Endometrios, méi wéi d’Hallschent vun de Fraen hunn Uterusmyomen, en Drëttel vun hinne mat Symptomer. Dat huet natierlech en Impakt op d’Liewensqualitéit vu ville Fraen. Et huet awer och en Impakt op d’Karriär, wann ee sech all Mount entweder mat Péng op d’Aarbecht schleefe muss oder krankmelle muss oder wann den eegene Kierper duerch d’Wiesseljoren op ee mol net méi matmécht wéi virdrun.
Frae si méi heefeg Affer vun haislecher Gewalt. Zanter Abrëll 2025 gëtt et den Nationalen Zenter fir Affer vu Gewalt, duerch deen Hëllef méi accessibel ginn ass – e wichtege Schrëtt. Ënnert anerem d’Wunnengsnout mécht et awer schwéier, aus Situatioune vu Gewalt am Stot erauszekommen.
D’Recht op kierperlech Integritéit a Gesondheet mat all senge Facette huet breetgefächert gesellschaftlech Implicatiounen. D’Fräiheet, fir eng Schwangerschaft ofzebriechen, ass e wichtege feministeschen Duerchbroch. Et steet Lëtzebuerg gutt zu Gesiicht, als 2. Land op der Welt d’Mënscherechter duerch d’Verankeren an d’Verfassung ze stäerken. Dat ënnert enger Mëtt-rietser Majoritéit net ze vergiessen. Dat weist, dass eng breet politesch Majoritéit dëst als Fro vu Grondrechter an net vu parteipolitescher Ideologie gesäit. Fir d’Rechter vu Fraen (an anere Persoune mat engem Uterus) ze stäerken an ze schützen, bleift awer nach genuch ze maachen. “Fraekrankheete” mussen eescht geholl ginn, medezinesch Diskriminatioun erfaasst a bekämpft ginn, besonnesch vulnerabel Gruppe mussen identifizéiert a besonnesch geschützt ginn. Fir eng fortschrëttlech Gesellschaft muss et endlech Tabu ginn, dass ee leide muss, just well ee kee Mann ass.