Commentaire vum Roy Grotz"Epesch Roserei" an der Panz

Roy Grotz
"Epic fury" - sou martialesch heescht dem US-Militär seng Interventioun am Iran. De Mullah-Leadership gouf nom Doud vum ieweschten Ayatollah Chamenei ewell ersat - de Pouvoir ass bis op Weideres nees zu Teheran intakt. Wat bleift, ass den Ufank vun enger Gewaltspiral, déi nach laang Méint wäert am Noen Osten dréinen an eng sëllegen Honnerten oder Dausenden Doudeger bréngen - Gewalt, déi och mat "epescher Roserei" vun de Leit ze dinn huet. Wat och nach bleift, ass, datt d'Vëlkerrecht komplett ausgehiewelt gouf, seet de Roy Grotz a sengem Commentaire.
© RTL

Ech kann et net anescht ëmschreiwen, wéi datt den Trump et consorts den Droit International an d’UN-Charta, déi Krich a Fridde respektiv och d’Rechter op Defense, a wéini kann ugegraff ginn, ad absurdum an domat ad acta gefouert huet.

Kee Präventiv-Coup ass rechtméisseg, grad wéi datt de “regime change” mat Waffen och net legitim ass. Dës Texter sinn also fir d’Poubelle, d’UN kuckt hëlleflos no, den Trump regéiert mat senger arbiträrer Roserei an definéiert Gutt a Béis a Krich a Fridden - alles duerch de MAGA-Brëll mat der “America-First"-Doktrinn an andeems seng Sympathisante mobiliséiert ginn, andeems se polariséiert ginn. Alles ass gesot - alles ass gewosst - d’EU-Politiker reagéieren, wéi déi al Stoiker Seneca oder Marc Aurel: Fokus op dat, wat ee ka beaflossen an dat anert hinhuelen an eeben akzeptéieren.

An heiheem dann ? - do dréint d’politesch Welt och a Krichszäiten a virun de Kongresser stoesch a gedamer weider ...

Den neien Aarbechtsminister mécht alles, fir säi Stil vun der rauer Method Mischo ze differenzéieren an d’CSV wielt sech geschwënn nees de Premier als Parteipresident - woubäi de wibbelege Finanzminister eidel ausgeet - nach!

D’DP sonnt sech am Liicht vun de Gudden a Gerechten a suergt mat de sëllegen Dausenden “Well et ëm muer geet"-Flyeren, datt d’Pabéierpoubellen net an de Chômage kommen.

D’LSAP sicht iwwerdeem virum Hollerecher Kongress nach ëmmer no enger weiblecher Co-Presidentin - kee wëllt sech déi Charge sou richteg oplueden, souguer d’Super-Paulette net.

An déi Gréng? Eng Ex-Regierungspartei, déi sech jo wierklech gär hipp a modern op de soziale Reseauen duerstellt, fir op d’urgent Klimaproblematiken opmierksam ze maachen. 2028 gesi mer dann op dës Charme-Offensiven duerginn, fir d’Wieler nees bei sech ze zéien an den denigranten Grénge-Bashing vergiessen ze loossen.

Ah jo - an den nächste Weekend sinn och nees eng Hellewull vu Kavalkaden a mir dierfen nees flott gerëscht Politiker-Gesiichter mat rouden Nuesen a faarwege Kostümer op de Socials bewonneren - wéi flott dat Liewen dach ass.

Simultan gi weider och déi nächst Deeg Dierfer a Stied an der Ukrain bombardéiert, et stierwen Zaldoten un der Front, et sëtzen Touristen an Influencer bei volle Buffeten an de Golf-Staaten a Luxus-Ressorte fest an an Afrika gi weider Frae violéiert, Spideeler an Dierfer iwwerfall a Schüler entfouert - mee déi vergiesse Konflikter an humanitär Katastrophen am Sudan, am ganze Sahel, Nigeria a Somalia heesche jo net fir näischt sou.

Nediert dat kléngt alles pauschal, wann een dat sou hannerteneen héiert, mee ech wënschen eis, datt mer Recul fannen an driwwer nodenken, wat eist Handelen, eis politesch Usiichten, eise Bulletin an der Urn, eis Konzeptioun vu Vëlkerrecht - wat dat alles fir en Impakt huet op dat Globaalt.

Net nëmme reagéieren, wann et lo geschwë wéi am Portmonni deet, wann de Pëtrol wéinst dem Iran-Krich e puer Cent a vläicht Euroe méi deier gëtt, mee Nodenken an Handelen, wann et opportun ass an net wann et eng opportunistesch Musse-Saach ass.

Dat gëllt an der Politik mee och am Privaten - fir datt d’Roserei an der Panz net wierklech epesch gëtt an dann nëmmen nach weider d’Extremer befeiert ginn, sou wéi mer et tëscht demagogesche Pyromane wéi Mélenchon a Bardella a Frankräich erliewen.

Fir net an den degoûtante politeschen Egouten op ganz Riets oder Lénks fëschen ze goen, brauch et intelligent Handelen a virun allem opgekläert Leader-Figuren, déi deem de Bass halen. An do si mer den Ament - op d’mannst International - net zum Beschten zerwéiert - mee vläicht déngt d’Roserei an eis jo net nëmmen dozou, fir sech a gudder Gesellschaft opzereegen, mee selwer eppes ze beweegen.

Back to Top
CIM LOGO