
D’Land brauch dréngend Riichter, mee d’Uni bild keng aus. Eng eenzeg Persoun konnt decidéieren, e geplangte Master ze kippen. D’Land brauch och dréngend Personal am soziale Secteur. Ma e beruffsbegleedende Bachelor an Sozial- an Erzéiungswëssenschaften zesumme mat der Chambre des salariés gouf gestoppt. Trotz grousser Demande bei der CSL.
Dës Beispiller werfen eng ganz Rei Froen a Probleemer op, déi net wierklech geléist sinn, zanter datt e Koup Beruffsausbildungsstrukturen, wéi Iserp an IST zesummegeprafft goufen, fir eng Uni ze grënnen. D’Uni Lëtzebuerg ass an engem besonneschen Spannungsfeld tëscht Fuerschung an Enseignement. Vun hir gëtt verlaangt, datt se dichteg an der Fuerschung soll sinn, fir sech kënnen international ze bretzen. Ma dichteg Fuerscher aus dem Ausland, déi mat Geld heihi gelackelt goufen, wëlle weider dichteg fuerschen. Net onbedéngt Coursen halen, déi der Demande an de Besoine vum Aarbechtsmaart oder de Studenten, déi sech dorop preparéieren, entspriechen. Dat bréngt hirer Carrière näischt.
Ma wien, wann net dës Uni soll ausbilden – mir hu keng aner am Land? Mee däerf d’Regierung, déi d’Uni finanzéiert, vun hir verlaangen, datt se verschidde Besoinen nokënnt? Oder gräift se domat an d’akademesch Fräiheet an? Bis elo huet d’Regierung de Probleem geléist, an deem se d’Uni mat extra Budgeten “bestach” huet, wa se eppes wollt. Beispill: d’Doktesch- an Infirmiersausbildung.
Ma un dëse Beispiller hänkt och d’Fro, u wie sech d’Offer vun der Uni iwwerhaapt adresséiert? Just 12 Prozent vun de Studente vu Lëtzebuerg studéieren um Belval, déi aner ginn iwwert d’Grenz. Läit dat drun, datt déi, déi d’Suen hunn, souwisou léiwer an d’Ausland ginn? Wien ass dann de Public cible vun der Uni? An entsprécht d’Offer deem senge Besoinen oder den Interessen vun de Enseignanten?
Déi per Gesetz verschriwwe vertikal Struktur vun der Uni, féiert awer net just dozou, datt eenzel Persoune Studiegäng kënne kippen, fir déi d’Demande grouss ass, respektiv, der aféieren, déi knapps e Grapp voll Leit interesséieren. A Kombinatioun mat de prekären Aarbechtskontrakter wéi se an der Recherche genee esou üblech sinn, wéi d’Konkurrenz ëm d’Fuerschungsgelder, entsteet eng Situatioun an där e puer Leit vill Pouvoir konzentréieren an anerer vun hirem Gutdünken ofhängeg sinn.
Wéi d’Recherchë vun RTL an anere Medien weisen, verleet dat déi eng net just ausnamsweis dozou, hire Pouvoir ze abuséieren well déi aner sech net wieren kënnen.
Zanter Januar melle sech all Woch nei Leit bei RTL, déi gréisstendeels Pièce à l’appui temoignéieren, datt harceléiert gëtt, bei Recrutementer a bei Wale manipuléiert, datt Drock ausgeüübt gëtt a Willkür herrscht, an zwar net just op der Fakultéit fir Droit, Economie a Finanzen, mee och anerwäerts. Datt d’Instanzen, déi an esou Fäll d’Affer solle schützen an d’Täter zur Rechenschaft zéien, där Aufgab nëmme bedéngt gerecht ginn. D’Hallschent dovu kann een net publizéieren, ouni datt déi, déi temoignéieren, wéinst hire precairen, zäitlech begrenzten Aarbechtskontrakter un deene vläicht och nach e Visa hänkt, hir Karriär an hire Liewensentworf riskéieren. Dofir ass och net z’erwaarden, datt ee vun hinnen an engem Audit auspéckt, deen d’Uni an Optrag gëtt a bezilt, an deem seng Conclusioune bei deenen um Dësch landen, déi uewen d’Fiedem zéien.
Et ass deemno elo schonn zimmlech kloer, datt déi Audite kaum Probleemer wäerten opdecken. Do muss sech déi zoustänneg Ministesch eppes anescht afale loossen, wa soll gekläert ginn, wat déi Uni soll maachen a wéi.