Déi kathoulesch Kierch huet e Frae-Problem

Virun zwou Woche sinn mer op dëser Plaz op de Problem agaangen, datt an eiser Gesellschaft déi meescht Gewalt vun Männer ausgeet.
Dacks sinn d’Fraen Affer vun dëser Gewalt. Misogynie ass e Problem. An déi kathoulesch Kierch mécht wat? Se schëtt Ueleg op d’Feier, fënnt d’Annick Goerens haut a sengem Commentaire
Wat d’Frae méi staark ginn, wat den Haass an de Widderstand méi grouss gëtt. Iwwerall gi rietsextrem Parteien méi gewielt. Si promouvéieren een traditionellt Fraebild.
D’AfD an Däitschland kënnt immens gutt un, virop bei jonke Männer. An den USA goufen duerch den Trump a vill Bundesstaaten Ofdreiwungsrechter gekippt. Frae kréien also d’Recht fort
geholl, fir iwwer hiren eegenen Kierper ze bestëmmen. Den JD Vance, Vizepresidentschaftskandidat vum Trump, schwätzt vun «Old childless cat ladies» also al Fraen, déi keng Kanner hunn, dofir awer Kazen a paakt domat al Stereotyppen nees aus. Dëse Backlash géint Fraerechter berout op der Erzielung, dass Fraen et mat hirem Feminismus ze wäit gedriwwen hunn. De männlechen Ego ass getouft.
Wat mécht d’Kierch?
Amplaz sech hannert Fraen ze stellen, propagéiert Roum weiderhin déi nämmlecht antik Vuen. De Vatikan hält quasi verzweiwelt un enger Muecht fest, déi ëmmer méi kleng gëtt, wat manner Leit d’Bänken virum Altor fëllen.
D’Kierch sicht no Ursaachen, mécht Synoden a sicht de Kontakt mat de Gleewegen an trotzdeem bleiwen d'Fraen nach ëmmer Chrëschten Zweeter Klass a sinn héchstens gutt genuch als Koschter, an der Chorale oder als Botzfraen. Dobäi kéint d'Kierch mat de Fraen een Deel vun hirem Nowuess-Problem léisen.
De Poopst zitt duerch d’Welt a seet all de Fraen, net just de Gleewegen, wat si mat hiren Uterussen, also hiren Gebärmutteren, ze maachen hunn.
De Poopst hätt gär méi Kanner, mee seng eege Kardineel a Paschtéier schwieren Zölibat.
De Poopst hätt gär méi Kanner, mee stellt sech net d'Fro, firwat verschidde Leit keng Kanner méi kréien. Et feelt dacks u Suen. Dat kann e Mann, deen esou wäit fort vun der Realitéit lieft a sengem Elfenbein-Tuerm am Vatikan, net verstoen.
De Poopst ass géint d’Ofdreiwung. Hien seet, den Avortement wier Mord a nennt Dokteren déi Fraen hëllefen, eng Schwangerschaft ofzebriechen souguer «Optrags-Mäerder». Dat souguer, wann d’Fra vergewaltegt gouf oder wann e Kand duerch eng Inzest-Relatioun entsteet. Fraen hunn also an den Ae vum Chef vun der kathoulescher Kierch iwwerhaapt näischt ze mellen.
Donieft soll d’Fra wannechgelift Fra bleiwen. Et wier ellen, wann eng Fra sech zum Mann maache wëll. Wéi eng Angscht ass dat? Dass een duerno keng Roll méi ze spillen huet?
De Kardinol Jean-Claude Hollerich sot rezent an engem Interview am Wort, de Poopst wier ee "radikale Reformer". Radikal ass hien, dat stëmmt. Vu Reform kann een awer wierklech net schwätzen.
Amplaz de Fraen ze soen, wat se ze maachen hunn, hätt de Poopst jo eigentlech och genuch domat ze dinn, fir d'Glafwierdegkeet vun der Kierch nees hierzestellen, déi duerch déi sëllegen Mëssbrauch-Skandaler extrem gelidden huet.
Léif Kierch, acceptéiert den aneren Deel vun der Bevëlkerung endlech als voll. Gitt eis all d’Rechter. Stellt Iech hannert eis. An ëm Gottes-wëllen haalt op dat Frae-Bild vun der aufopfernder Mutter Maria ze propagéieren.
Mir kënnen souvill méi.
Firwat net eng Peepstin?