D’Chamber-Diskussioun géint LGBTQ-Inhalter an de Schoulen ass wichteg

Keng Petitioun gouf an der Lescht esou kontrovers diskutéiert wéi d’Petitioune fir a géint queer Themen an der Schoul.
Besonnesch déi dogéint huet an der Ëffentlechkeet d’Fro opgeworf, ob se iwwerhaapt hätt dierfen zougelooss ginn, well se mënschefeindlech wier. D’Presidentin vun der Mënscherechtskommissioun sot kloer nee. Een Deputéierten huet sech doropshi genéidegt gefillt, déi Kommissioun einfach mol integral a Fro ze stellen. Fir d’Anne Wolff weist sech an der ganzer Opreegung e Malaise an der Ëffentlecher Debatt.
D’Positioun vun der Mënscherechtskommissioun ass hei diskutabel. Kuckt en sech de rengen Text vun der Petitioun géint queer Themen an der Schoul un, ass déi zwar kloer homophob an diskriminant: Schliisslech wëllt se deen Deel vun der Sexualerzéiung fir Jonker bis 18 Joer an de Schoule verbidden, an domat eng Liewensrealitéit vun de Schüler ewechhalen. LGBTQ-Themen an der Schoul ze behandelen, muss awer selbstverständlech sinn.
Trotzdeem fannen ech et richteg, dass se an der Chamber soll diskutéiert ginn. Bal 10.000 Leit hu se ënnerschriwwen, an déi si sécherlech net all homophob. Si hu vläicht och ënnerschriwwen, well hinnen dat Thema uewe läit, a si einfach midd sinn, ënner Generalverdacht gestallt ze ginn, well se an der heiansdo wierklech kuriéiser Debatt ronderëm Gender, Diskriminéierung, a Geschlechtergerechtegkeet iergendwann net méi matgaange sinn.
Well se fäerten, hir Kanner géife schonn an der Spillschoul mat iwwersexualiséiertem Contenu confrontéiert, a well se soen: hu mir elo soss keng Problemer.
An déi Angscht kann eng Chamber net ignoréieren, dat wier ze einfach. Do sëtze gewielte Volleksvertrieder, a wann een hiert Mandat an d’Institutioun eescht hëlt, muss een hinnen déi do Diskussioun zoutrauen. Och wa se net hire Wäerter oder politescher Linn entsprécht, schliisslech soll eng Petitioun jo keng Auto-Confirmatioun sinn.
Wann d’Thema net kontrovers op der Place publique diskutéiert géif, dann eleng op de soziale Medien an de Stammdëscher. Dat kann och enger Mënscherechtskommissioun net gefalen. Esou mussen d’Petitionäre sech enger Chamber stellen, an dat ass och gutt. Alles anescht wier Waasser op d’Mille vun deenen, déi demokratesch Prozesser souwisou schonn a Fro stellen, déi sech gär als Affer duerstellen, deenen de Mond vum Staat verbuede géif, awer jiddereen un de Pranger stellen, deen anescht denkt wéi si.
Dat kann an dëser Diskussioun elo kee méi soen.