D'Oprëschtungskris

© Eric Steichen
D’EU wëll oprëschten a Lëtzebuerg wëll och säin Effort fir d’Defense an d’Luucht setzen. Dat et esouwäit komm ass, ass extrem bedauerlech, esou de Fränz Aulner. Hie mengt awer, datt et wéinst der neier US-Politik a wéinst Russland leider schwéier ass, sech aktuell eng Alternativ virzestellen. Wann da soll opgerëscht ginn, stellt de Fränz Aulner sech awer vill Froen doriwwer, wien et finanzéiert a wéi d’Suen um Terrain agesat ginn.
800 Milliarden Euro sollen dem europäeschen Oprëschtungsplang "Rearm Europe" no et der EU déi nächst Joren erlaben, sech ouni d’USA ze verdeedegen a Russland ofzeschrecken. D’Staats- a Regierungscheffe si sech esouguer Eens doriwwer, wat gebraucht wier: Loft- a Missile-Ofwiersystemer, Artillerie a Munitioun, Dronen an Anti-Dronen-Systemer. D’EU fänkt effektiv net bei Null un, ewéi vill vun eisen Invitéen um Radio an op der Tëlee scho soten. Mee bis d’Mënz sech an eng Patroun transforméiert, ass et e laangen a komplexe Prozess. Aus enger Fabrick, déi Dëppen hierstellt, mécht een net méi esou einfach a séier ewéi fréier eng Fabrick fir Panzeren. D’Ekipementer si méi sophistiquéiert ginn. Hiren Assemblage braucht vill méi Komponenten a Matières premières, déi aus anere Fabricken, jo och anere Länner kommen.
Dee wuel gréisste Problem fir d’europäesch Defense ass ewéi esou dacks: Europa ass gedeelt. Et si keng United States. Déi gréisst europäesch Rëschtungskonzerner sinn Airbus – mee just e Brochdeel vum Ëmsaz ass an der Defense. Dann d’italieenesch Leonardo, déi franséisch Thales, déi däitsch Rheinmetall oder ënnert aneren nach déi schweedesch Saab. Och wann et Joint-ventures tëscht Eenzele gëtt, esou sinn se meeschtens gläichzäiteg Konkurrenten. A wann et net si sinn, dann d’Memberstaaten. Wat géing Frankräich soen, wann Däitschland an Italien méi e grousst Stéck vum "Rearm Europe" Kuch kréien? Lëtzebuerg ass net vill besser a freet zanter Joerzéngten ëmmer, ewéi sech Investissementer an d’Defense kënne positiv op d’Land néierschloen.
D’schwaach europäesch Zesummenaarbecht gesäit ee bei anere Punkten: ewéi sech erausstellt gëtt trotz joerzéngtelaangen Diskussiounen nach ëmmer Dosenden verschidden Zorte vu Waffen a Munitioun tëscht de verschiddene Länner. D’EU-Militärprodukter gi vill exportéiert, iwwerdeems d’Arméie méi aus den USA importéieren. An et gëtt nach ëmmer keng anstänneg Strecke fir Material a Leit aus dem Süde vun Europa an den Osten ze beweegen. Rappell: Griicheland huet geschaten 115.000 aktiivt militärescht Personal. Gutt 100 Mol méi, ewéi Lëtzebuerg. Mee de Grand-Duché soll jo mat sengem Know-how vun der Satellitten- a Finanzplaz Defense an Ofschreckung liwweren.
Liwweren ass eng Saach, d’Facture blechen eng aner.
D’Oprëschte soll iwwer Scholde finanzéiert ginn oder/an iwwert Nei-Prioriséierunge bei Investissementer. Dat gëtt nach diskutéiert. Datt d’Regierung och mat der Oppositioun wëll schwätzen, ass och en honorabele Geste.
Wat awer scho kloer schéngt: d’CSV an DP wëllen d’Sozialausgaben net kierzen a setze weider op Wuesstem. Steiere sinn hirer Theorie no toxesch, dowéinst gëtt et esou wéineg, ewéi et eng Corona-Steier gouf, eng Surtaxe op Gewënner vun dëser neier Kris. (Just well se nach keen Numm huet, heescht net, datt déi nei Entwécklunge keng sinn, n.v.a). Ewéi all seng Virgänger huet de Finanzminister e Mëttwoch am Kloertext op der Tëlee mat der Mindestbesteierung vun all de Betriber ofgelenkt vu Steieren op extraordinär Gewënner oder nach Aktiegewënner oder Dividenden. Ofgesi vu Steieren op immobiliséiertem Kapital, ewéi d'Grondsteier, déi et hei am Land kaum gëtt.
Beispill: wie virun der Pandemie Aktie vu Pharmakonzerner kaaft huet, huet ee méi niddregen Taux op seng Dividende bezuelt, ewéi op säi Salaire. A wann e seng Aktien no sechs Méint verkaaft huet, huet e kee Cent op säi Gewënn bezuelt. Ka wuel sinn, datt déi steierlech Virdeeler wichteg si fir d’Finanz-Fongen an Assuranceplaz, mee et brauch ee sech net ze wonneren, wa Leit ewéi den Elon Musk d’Welt regéieren.
An de Combel ass, wann esou Milliard-Aktionären nach als "breet Schëllere" bezeechent ginn. Breet Schëllere sinn d’Aarbechter an déi kleng Patronen, déi schaffen a Steiere bezuelen. An natierlech d’Zaldoten, déi op d’Grenz stationéiert ginn an hoffentlech just sollen ofschrecken. Fir datt d’Gewënner vun der Kris sech sécher fillen.