Lëtzebuerger "Zeitenwende"

D’NATO-Verdeedegungsministeren hu sech d’lescht Woch op dee gréissten Oprëschtungsplang zanter dem Kale Krich gëeenegt. Mat 5% vum PIB, déi jidderee fir d’Sécherheet soll ausginn. Wéi séier, doriwwer gëtt nach bis de Sommet an dräi Woche verhandelt. Mä et ass absolut kloer. All d’NATO-Länner, also och Lëtzebuerg, wäerten an Zukunft Rekordzomme fir d’Arméi mussen ausginn. E Commentaire vum Claude Zeimetz.
An dat dierft zu Lëtzebuerg méi wéi engem décke Bauchwéi maachen... och wann de Sujet an der breeder Ëffentlechkeet vergläichsweis wéineg diskutéiert gëtt. Oder solle mer soen nach. Wéi gesot d’NATO steet virun der gréisster Oprëschtung zanter dem Kale Krich. An dës Kéier wäert och Lëtzebuerg liwwere mussen. Mä wou sollen all dës Suen hierkommen? Wéi a wou se effikass ausginn? Eng eege Rëschtungsindustrie hu mer bekanntermoossen net an et feelt definitiv un Erfarung, zum Beispill am Beräich vun der Loftofwier, wou Lëtzebuerg sech elo zwee Systemer muss opbauen. A fir Kampfdronen ze produzéieren, wat een anert vun den Ziler ass, misst souguer d’Waffegesetz geännert ginn. A wou huele mer all d’Leit hier? Däitschland huet ausgerechent, datt se bis zu 60.000 weider Beruffszaldote brauchen. D’Arméiministesch Yuriko Backes huet bei eis am Interview indirekt vun op d'mannst 600 Leit geschwat, woubäi d’Hallschent eleng fir de belsch-Lëtzebuerger Batailloun sinn, dee schonn am Opbau ass. Zu dësem Ament ass d’Lëtzebuerger Arméi op alle Fall nach absolut net an der Lag, déi zousätzlech Aufgaben z’iwwerhuelen. Et gëtt also Froen iwwer Froen a keng einfach Äntwerten.
De Grand-Duché ass haut nach ëmmer dat Land, dat am allermannsten an d’Defense an an d’NATO investéiert a ka bis elo jo souguer vun enger Ausnamereegel profitéieren, datt d’Ausgabe par Rapport zum RNB gekuckt ginn. Eleng d’Tatsaach, datt bis Enn des Joers elo schonn 2% an d'Arméi fléisse sollen, bedeit e Rekord-Militärbudget vun 1,2 Milliarden Euro, deen net ouni Ëmschichtungen ze stemmen ass. Mä de Chiffer ass jo elo schonn iwwerlieft, och wa bis elo kee vun der Regierung mat der Sprooch erausréckelt, wéi vill mer an den nächste Jore ginn. Do gëtt hannert de Kulisse bis den NATO-Sommet nach äifreg ëm méi Flexibilitéit gefrot. Mä Lëtzebuerg dierft hei an Ënnerzuel sinn, dat huet een d’lescht Woch zu Bréissel gesinn. Net nëmme well den amerikaneschen Defenseminister Pete Hegseth därmoosse Blumme gestreet krut. Den NATO-Generalsekretär Rutte a verschidde Länner vun der Ostflank si voll a ganz mat den Amerikaner op enger Linn, datt d’Defenseausgaben an den nächste Jore méi wéi verduebelt solle ginn. Op alles an allem 5%. 3,5% direkt Ausgaben an annerhallwe Prozent indirekt Depensen an d’Sécherheet. D’Welt wier eng aner ginn, se wier méi geféierlech ginn an do misst ee sech seng Sécherheet kaschte loossen, sot de Mark Rutte an huet vun historeschen Zäite geschwat. Mä den Drock vu Washington spillt natierlech och enorm mat. An déi eenzeg Fro, déi nach bleift, ass net, wéi vill d'Länner bezuele mussen, mä bis wéini. Do geet Rieds vu 5 bis 10 Joer. Europa hofft op alle Fall, den Donald Trump berouegen ze kënnen, fir en Eclat, wéi deen um NATO-Sommet 2017, ze verhënneren, wou dee jo den Alliéierten ëffentlech de Kapp gewäsch hat an an engems preparéiert ee sech natierlech drop, militäresch a sécherheetstechnesch méi op eegene Féiss ze stoen. Béides kascht. Kascht immens vill. Fir Lëtzebuerg schwätze mer hei vu carrement 9, 10% vum ganze Staatsbudget.
An d’Lëtzebuerger Regierung wäert fréier oder spéider mussen zouginn, datt et dann awer net ouni Steierhaussen oder Aspuerunge geet, fir dee Militärbudget ze stemmen. Dat ass just eng Fro vun der Zäit. Also an dësem Fall der Zäitschinn, wien um Enn déi Zopp wäert ausläffele mussen.