Eng Datz als Appell fir en neie Politikstil

Den aktuelle Politmonitor schwätzt eng kloer Sprooch an et ginn keng 100 Fassongen fir d'Resultater ze deiten.
D'gefrote Leit sinn net iwwerzeegt vun der Aart a Weis, wéi d'Regierung Politik mécht a bréngen dat duerch verschidden rout Kaarten op de Punkt - de Roy Grotz schwätzt a sengem Tëscheruff vun enger néideger Korrektur a Stil a Methodik.
An dëst sollt am Beschten séier geschéien, och wann Schwaarz-Blo lo sécher wëllen ostentativ killen Kapp behalen an drop hoffen, datt sech d'Effeten vum negativen Politmonitor séier nees an den dompege Summerméint a virum Trounwiessel leeën an een dann am Hierscht e neien Depart kann huelen - well deen ass néideg - no der fermer an d'Genéck kann de Premierminister net anescht wéi z'iwwerdenken, wéi hie seng eegen Ekipp, mee och d'Leit am Land wëll vu sengen politesche Motivatiounen iwwerzeegen.
De Minus 10 an d'Plaz 8 wäerte Spueren beim CSV-Premier hannerloossen, mee et sollt dann och net nëmmen eng rout Kaart sinn, wou ee sech op d'Bänk nieft dem Spillfeld verzitt, mee villméi en Appell fir et besser, fir et anescht ze maachen - e Warnschoss aus dem Vollek eraus.
D'Leit hunn et net gär, wa laanscht se debattéiert gëtt, sief dat wann et ëm dee gliddegen Dossier vun der Pensiounsreform geet, wou d'Cotisatiounsjore solle klammen, sief et am Konflikt mat de Gewerkschaften a sozialen Brennpunktthemen oder dem Accès zu abordabele Wunnengen.
D'Leit ginn net gär lénks leiegelooss a fir domm gehalen a weisen deenen de Kapp, déi vun uewen erof wëllen iwwert si decidéieren - an dat hu se an dësem Politmonitor zum Ausdrock bruecht, wou et de Chef am meeschten erwëscht huet, mee wou och quasi all aner Ministeren der méi oder manner däitlech op den Deckel kruten.
"Massiver Schuss vor den Bug" géife se bei eisen däitsche Noperen hannert de protegéierten Grenzen soen - en "Aen zou a weider sou", dierf et no dësem Resultat net méi ginn. Dat dierften och d'Ministeren Wilmes a Mischo mat Minus 7 an 5 Punkten bekäppen mussen, woubäi d'blo Ministeren nach gutt ewechkommen a mam Xavier Bettel an aneren 4 Bloen déi beléiftste Politiker an hiren Reien zielen.
D'Manifestatioun vum 28. Juni gëtt e Statement, wat Leit wëllen a fir wéi eng Acquise se bereet sinn, op d'Strooss ze goen - wann no Politmonitor a no Maniff weider vun der Regierung gesot gëtt, dass een näischt gesinn hätt kommen, da gëtt d'Kar blannemännerches riicht an d'Mauer gefuer.
De Lëtzebuerger Modell - wann et deen dann nach gëtt - setzt op Dialog, Mateneen an Konsens - ech weess net, ob d'Regierung dëse Wiesenszuch komplett verstanen huet an et versteet, dat selwer als demokratesch gewielt Virbild-Politiker virzeliewen - mee da musse se et nach léieren - et sinn jo nach e puer Joer bis mer wiele ginn an dann net méi vu Sondagen a Momentopname Riets geet, mee vun handfesten Bulletinen, déi dann vläicht eng nei Regierung erfuerderen, déi d'Leit net méi an där Form widder de Kapp stéisst.