Wien huet d'Motorsee?

Kee K.O. an der zweeter Ronn - keen Handduch, dat an de Réng gehäit gouf a Keen ronderëm de Sozialdësch, deen sech sou schlecht behandelt gefillt hätt, datt hie "Saalflucht" gemaach hätt. Nach ass déi timid Flam vum sozialen Tripatite-Geescht net ausgeblosen - nach ass mat där Käerz am Grapp en Enn vum Tunnel ze fannen - de Roy Grotz wot e Bléck hannert d'Diere vum Staatsministère, wou d'Ambiance e Méindeg wéi op engem Begriefnes war.
An der Hëtzt an am Grillinger-Ambiente vun engem arroséierten CSV-Summerfest léisst sech gutt am Hesper Park deplacéiert gecksen an déi anscheinend ugeschloe Physionomie vun de Syndikaliste kommentéieren - mee an der Keelt an Däischtert vun de Katakomben am Staatsministère spillt dann eng aner Musek - déi vum Requiem - eescht Gesiichter ginn eran, genee esou eescht an desillusionéiert Käpp kommen nees eraus.
De Premier wollt e Méindeg u sech ofschléissen, dat goung awer net, d'Texter hu gefeelt a fir weider Reuniounen déi nächst Deeg stinn d'Congésdeeg am Wee.
Et gouf net weider haart gestridden, mee et goufe Propositiounen op den Dësch geluecht, Calculë gefrot - ouni sech weider besser ze verdroen, mee op mannst mam Zil virun Aen, fir sech net komplett ze ridiculiséieren, mee ze liwweren. Dat wat d'Leit an d'Wieler eebe vun hire Vertrieder zu Recht erwaarden: matenee schwätzen an da Kompromësser fannen, déi och d'Strooss halen an den Erausfuerderunge gerecht ginn, op déi Aarbechtswelt a Rentesystem tôt ou tard zousteiert an op d'wirtschaftlech Realitéiten, déi d'Welt och fir d'Lëtzebuerger Betriber bereet hält, déi um Weltmaart musse kënne mathalen.
No den denigrante Ki ënnert de Rimm gouf also eng zweete Kéier matenee geschwat, woubäi d'Gesiichter vun de Bedeelegten herno méi aussote wéi d'Plattitüden an d'Phrasen, déi d'Journalisten an de Bloc diktéiert kruten.
Jo, mir mussen zu Reforme kommen, fir de generéise Pensiounssystem weider kënnen ze stemmen, wëll et ass eng Zort Zäsur absënns fir déi Jonk, wat amgaangen ass, debattéiert ze ginn, wëll si stramm wäerte musse struewelen, fir net komplett op der Streck ze bleiwen an eng anstänneg Pensioun nach Rescht ze hunn. Duerfir wäert och progressiv méi musse geschafft ginn an d'Cotisatioune wäerten och klammen.
Mat semi-montere Minne stoungen se no also genee deenen doten Debatten e Méindeg virun der Press - an dann dat Bescht - fir no 19 Stonnen Verhandlungen näischt ze soen a mol net eng Indikatioun ze ginn, wou d'Rees soll higoen - dat ass wuel de Lëtzebuerger Polit-Medien-Verschaukel-Prinzip: loosse mer lo mol de ganzen August hannert zouenen Dieren iwwert Texter brucken, fir dann eppes aus dem Hutt ze zauberen - dat ass déi minabelst Form vu Kommunikatioun - och par Rapport zur Chamber, déi genee sou an hirer Dunkelkammer um Krautmaart sëtze gelooss gëtt, wou d'Luuchte souwisou jo lo aus ginn.
Musk a Milei hätten d'Motorsee e Méindeg wuel um Verhandlungsdësch erausgeholl, fir zu Hirem ze kommen - et éiert déi dräi Säiten datt se - ouni Iwwerstonnen ze drummen - sëtze bloufen a keng sou martialesch Tendenzen un den Dag leeën a weider op keng Show-Effekter setzen, mee den Obolus sichen dee muss geleescht ginn - also eng Zort klengen Don.
Am August dierft bei de sougenannte Sozialpartner d'Lecture beim Pool oder am Bësch dann och d'textuell Preparatioun vun de Sherpae sinn, déi aus der ganzer Geheimnismécherei elo e faarwege Mesuren-Renten-Cocktail concoctéieren, deen da frësch a knackeg den 3. September opgedëscht gëtt - an hoffentlech net batter opstéisst, soss sinn d'Gesiichter schonn nees sou säiertzeg a queesch wéi e Méindeg.