Russland provozéiert, d'NATO diskutéiert

Déi russesch Piloten iwwer Estland haten net déi falsch Landkaart an och d'Dronen iwwer Polen haten net zoufälleg falsch ofgebéit.
De Kreml test grad d‘NATO a kuckt, wéi d‘Militär-Allianz reagéiert. Honn déi bille bäissen net, oder dach?
D‘Situatioun fir Europa ass op alle Fall ganz eescht an den Haaptproblem bleift déi fragil transatlantesch Frëndschaft, wann et dann nach eng gëtt.
Moskau seet, et wier keng Violatioun vum Loftraum ginn. E Statement, vun deem ee konnt ausgoen.
Gespaant huet de Wladimir Putin nogekuckt, wéi d‘NATO-Reaktioun op seng Provokatiounen ausgefall sinn.
An hien dierft drop gewett hunn, datt se sou ausfalen, wéi se ausgefall sinn: Virsiichteg, sou wéi am Loftraum iwwer Estland: d‘Kampfjette goufen net ofgeschoss, mä eskortéiert. Et gouf also reagéiert, mä zeréckhalend.
Dernieft gëtt Consultatiounen op Basis vum Artikel 4. E puer Politiker loossen an de Medie wëssen, datt si entsat sinn an den Donald Trump dreet mat iergendeppes op iergendengem sozialen Netzwierk.
Fir de Rescht gëtt et wéi erwaart eng grouss politesch Diskussioun, wéi op déi russesch Pickereie soll reagéiert ginn. Et ass effektiv en Exercice vun där extra delikater Zort a warscheinlech kee Feeler, datt net direkt drop lass geballert gëtt.
Wann d‘NATO Stopp seet an de russesche Fliger mat sengem Pilot dran erofschéisst, riskéiert een déi komplett Eskalatioun.
Et gëtt awer och staark Argumenter op där aner Säit: Wann net oder net genuch reagéiert gëtt, wäerten d‘russesch Provokatioune ëmmer méi heefeg an ëmmer méi dreist ginn.
Den Artikel 5 gesäit jo vir, datt een NATO-Member deem aneren hëlleft, am Fall vun enger Attack.
Déi gëtt et zum Gléck nach net. Mä den Haaptproblem fir d‘Europäer ass deen, datt et am militäreschen Eeschtfall op NATO-Territoire an de Stäre steet, wéi de grousse Brudder (oder Ex-Brudder) reagéiert an op d‘Militärallianz am Bündnisfall funktionéiert.
Ëmmerhi bezeechent den US-President Donald Trump säi russeschen Homolog Putin als Frënd, empfänkt hie mat allen Éieren an Alaska a plangt wirtschaftlech Deals. Wat de Putin soss nach géint den Trump an der Hand huet, do ka just driwwer spekuléiert ginn. Op alle Fall huet dee vu Moskau keng Angscht virun deem vu Washington.
D‘Zil vu Moskau, fir d‘NATO ondecidéiert a schwaach wierken ze loossen, dierft erfëllt ginn. D‘Zil vu Moskau, fir den Ukrain-Krich séier op en Enn ze bréngen, existéiert net an et ass net auszeschléissen, datt d‘Ziler wäit iwwer d‘Ukrain erausginn.
Ëstlech awer zum Deel och westlech vun eis gëtt un enger neier Weltuerdnung geplangt, an Europa a säin fräien demokratesche Modell sinn net Deel vun deem Plang.
Wat déi Erkenntnis ugeet, erwächt Europa zwar ëmmer méi, mä de Wecker schellt lues. An och wann dat net an d‘Weltbild vu jidderengem passt: En Europa, wou jidderee no sech kuckt a wat wirtschaftlech a militäresch schwaach ass, dat gëtt op der Welt néierens méi eescht geholl.
D‘Zäiten hu geännert!