Nom Politmonitor, wou de Premier Frieden ewell Mëtt Juni mat engem Minus vun 10 Punkte stramm ofgestrooft gouf, kasséiert d'CSV déi nächst rout Kaart vum Wieler. Entretemps wier der Sonndesfro no, dann och nees eng Gambia-Koalitioun mat 32 Sëtz dran - mee ze vill politesch Utopie soll dann awer net sinn... De Roy Grotz gesäit awer net alles schwaarz fir déi Schwaarz.

De Commentaire vum Roy Grotz zur Sonndesfro

An awer: Dat dote gouf et nach net bei der CSV. Esou eng hefteg op de Bak vum Wieler ass dann awer seelen. Wann dëst Resultat aus der Sonndesfro och sou an der Realitéit an den Urnen erëm ze fanne wier, wier dëst déi schwächst Leeschtung vun CSV-Politiker zanter dem Zweete Weltkrich.
Schlechtst Resultater waren déi 18 Sëtz 1974, wéi et um séchere Wee an d'Oppositioun goung, oder déi 19 1999, wéi d'LSAP géint d'DP an der Regierung agetosch gouf.

D'CSV ass am Trëndel no ënne reegelrecht gefaangen a riskéiert de komplette Schëffbroch, sief et duerch d'Prestatioune vun de Ministeren Deprez a Mischo, déi ongeschéckt mat den aktuell waarme Grompere vun Aarbechtsrecht a Pensiounsreform jongléieren, der feierlecher Art a Weis vum Premier a Parteipresident Frieden, mat deem vill net wierklech waarm ginn oder och den Ëmgang  mam sensibelen Dossier vun der Ofdreiwungsaschreiwung an d'Verfassung. D'Wieler vermëssen eng kloer Linn bei der oranger Partei a wëlle kee Wischi-Waschi, Hin-an-hier, textuellt Gehéckels a Gedeessems, mee Kloertext, wéi et ausser dem Fraktiounspresident an engem Grapp voll Deputéiert u sech net vill an den CSV-Uniforme schwätzen. Alt nees eng Vollekspartei op der Sich no hirer Identitéit an hire Valeuren. wann deen Zuch net ewell awer fort ass.

D'DP ka sech als staarke Juniorpartner ouni besonnesch Efforte sonnen, zemools am PR-Beräich, iwwerdeem d'LSAP och extreem blatzeg dohierkënnt an u sech nëmme vun der Schwächt vun der CSV ka Profit zéien an déi Gréng et ëmmerhin nees op Fraktiounsstäerkt packen.

Wéi am Ausland a lo aktuell am Hexagone, kann d'Droite - hei also d'ADR - mat hire populistesch-einfache Léisunge punkten, well do jo wéi et schéngt d'Sproch vum klenge Mann geschwat gëtt, dee sech soss net vertruede gesäit. Séier, einfach Léisunge waren awer ni durabler an et versuppt ee liicht an de bëllege Verspriechen, déi net ze hale sinn. Ech roden Iech attentif d'Aarbecht u sech vun de gewielte Politiker ze suivéieren an deem no Är Zensuren auszestellen. Kuckt Iech z.B. d'Chamber-Kommissiounen un, wou jo déi wierklech parlamentaresch Aarbecht geschitt. Kuckt genee, wie wat a wéi enger Teneur an Déift seet a sech behëlt - da wësst der och wien e Schaffert oder just e Matleefer ass an da sinn d'Kräizer bei de Wale wéi vum selwe gemaach.

Et si jo nach e puer laang Méint bis mer nees wiele ginn - Zäit fir e Rattrapage ass ëmmer - komplett onofhängeg vun all Faarf oder Partei-Ideologie. Besonnesch awer déi Schwaarz musse sech ellen um Bidon rappen, soss ass de Slogan vun der ugestriefter "neier Politik" komplett fir op d'Mëscht.