Migratioun: Tëscht Matgefill a Management

D'Zuel vun de Refugiéen déi zu Lëtzebuerg Asyl froen ass keen enorme Chiffer a relativ konstant. An awer schéngt d'Land mat Amenter iwwerfuerdert ze sinn. E Commentaire vum Diana Hoffmann
Fir Lëtzebuerg huet ëmmer gezielt: Wie Schutz brauch, soll en och kréien. Eng Prämiss, déi, zanter Oktober 2023, net méi ganz gëllt. Zanterhier gëllen temporär Aschränkunge bei der Opnam vu männleche Refugiéen, déi ouni d’Famill ënnerwee sinn a schonn an engem anere Land eng Asyldemande gemaach hunn. Grond sinn déi iwwerfëllte Flüchtlingsheemer. Een Drëttel vun de Mënschen, déi an de Strukture vum ONA liewen, sollten u sech net méi do sinn. Si hunn de Statut vum Refugié an domat déi selwecht Rechter a Flichte wéi all anere Bierger. Deemno sinn si, genausou wéi all aner Resident, domat konfrontéiert, dass d’Recht op Wunnen zu Lëtzebuerg, fir vill net ze bezuelen ass.
Mënschen op d’Strooss ze sëtzen, déi näischt dofir kënnen, geet awer net. Rezent huet den ONA eng ganz Partie Leit, dovunner vill mat Refugiésstatut, opgefuerdert, hire Logement ze verloossen. Deen een oder anere riskéiert duerch d’Situatioun elo och seng Aarbecht ze verléieren. An anere Fäll si Mënsche betraff, deenen hier Asyldemande zwar ofgewise gouf, déi awer eng Aarbecht hunn an antëscht gutt am Land integréiert sinn.
Dass d’Land méi Sozialwunnenge brauch stellt warscheinlech kee Mënsch a Fro. Dass awer bei der Migratioun an der Integratioun méi geet, stellen ech och net weider a Fro. Eng Persoun soll net 6 Méint musse waarden, ier se kann ufänke mat schaffen. Wisou sinn dës Prozeduren esou schwéierfälleg, dass muss e Patron fonnt ginn, dee sech engagéiert fir engem Refugié eng Chance ze ginn? Asyldemandeuren dierfe sech dann och net als Chômeur bei der ADEM mellen. De Problem vun de Sprooche bleift eng vun de gréissten Erausfuerderunge fir eng Aarbecht ze fannen. Ma mam richtegen Engagement mussen d’Sproochekenntnesser awer sécher net fir all Beruff topp sinn.
Iwwert verbessert Integratiounsméiglechkeeten eraus muss awer och eng Léisung fonnt ginn, d’Asylprozedure kënne méi séier ze maachen, ouni dass se manner grëndlech ginn. 4 oder deels esouguer 5 Joer bis all d’Méiglechkeete fir géint e Refus vun der Asyldemande virzegoen opgebraucht sinn, sinn ze laang. Wat Mënschen a Famillje méi laang am Land sinn, wat eng Ausweisung ëmmer méi dramatesch gëtt. Dat och well d’Integratioun méiglecherweis no all där Zäit gelongen ass. A wa se gelongen ass an d’Leit eng Aarbecht fonnt hunn, solle se kënne bleiwen.
Iwwerhaapt ginn engagéiert Leit fir ze schaffen am Land gebraucht. Eng Méiglechkeet, fir hinnen eng Chance ze ginn, wier awer och fir d’Immigratioun aus Drëttstaaten ze vereinfachen. Wann een et wëll richteg maachen, muss d’Persoun, déi an de Grand-Duché schaffe wëll kommen, eng Aarbecht an eng Wunneng hunn, ier se kënnt. Fir vill Mënsche bleift de Wee iwwert d’Asyldemande domat deen eenzegen, fir kënne spéider och hei am Land ze schaffen. An esou probéiere si dësen. Eng Problematik déi wuel och misst op EU-Niveau ugaange ginn.
Amplaz dass d’EU doriwwer nodenkt, wou Asyldemandeure kënnen hibruecht ginn, bis eng Decisioun geholl gouf, oder ob Syrer sollen e Recht op Asyl hunn oder net, soll doriwwer nogeduecht ginn, wéi engagéierte Leit kann eng Zukunft am Land erméiglecht ginn.