Commentaire vum Annick GoerensJonker am Prisong: Vun Ufank u keng Chance

Annick Goerens
D'Messer-Attack vun engem 14 Joer ale Meedchen op eng Matschülerin, huet fir vill Opreegung gesuergt, well déi jonk Schülerin eigentlech psychiatresch Hëllef gebraucht hätt, déi se awer net krut an dowéinst am Erwuesseneprisong gelant ass. An d'Zuele weisen: et ass keen Eenzelfall. D'Annick Goerens kommentéiert.
© RTL

Ëmmer nees lande Mannerjäreger am Prisong an all Kéiers féiere mir, also d’Medien, d’Politik an all déi concernéiert Acteuren déi nämmlecht Debaten, mat den nämmlechte Constaten: de System ass u senger Limitt a mir kommen zanter Joren net no.

2024 waren et nach sechs Mannerjäreger, déi placéiert goufen. 2025 waren et 24 Placementer vu Mannerjäregen, dorënner zwee schwanger Meedercher. An zanter dem Ufank vun dësem Joer hate mer schonn aacht Placementer vu Mannerjäregen. Et waren awer just fënnef Mineure concernéiert. Dräi waren nämlech fir d’zweete Kéier do.

Jo déi Jonk, déi zu Schraasseg landen, si keng Kanner méi an hunn deelweis schwéier Delikter gemaach oder gëllen als geféierlech. Mee net alleguer. Verschiddener waren einfach just ze dacks mat der Justiz a Konflikt, gëllen als schwéier ze placéieren oder sinn eng Gefor fir sech a fir anerer.

Firwat zéckt e Jonken e Messer, klaut oder dealt mat Drogen? A wéi eng Hëllefen hu virdrun net gegraff, duerch wéi vill Netzer ass de Jonke gefall, dass et iwwerhaapt esou wäit kënnt? Wou versoe mir als Gesellschaft, wann et däitlech gëtt, dass ëmmer méi Jonker mental Problemer hunn. Mir schwätzen ëmmer méi iwwer mental Gesondheet bei Jonken. Iwwer Drock, iwwer Perspektivlosegkeet, iwwer e Gefill vun Eleng-sinn. Mee wann et konkret gëtt, wann et eskaléiert – da feelen op eemol Plazen, Strukturen, Alternativen. D’UniSec, déi fir dës Fäll geduecht wier, ass mat 12 Plaze chronesch iwwerbelaascht, respektiv voll. An da bleift als lescht Optioun: just nach de Prisong.

Ech huelen hei elo keen a Schutz, dee wierklech eng Strof verdéngt huet. Mee Schraasseg fir e 14 Joer alt Meedchen? Oder Jong? Come on. Ech muss kengem e Bild molen, dass et do net grad Kontakt kritt mat der Crème de la crème vun eiser Gesellschaft. Jo d’Meedche gehéiert gestrooft, mee och geschützt, erzunn, sozialiséiert an an d’Gesellschaft reintegréiert. Soss bleift de Prisong net d’Enn vun enger schlechter Episod, mee just den Ufank vun der nächster.

Commentaire vum Annick Goerens

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO