Commentaire vum François AulnerAus "méi Netto vum Brutto" gëtt "waarm undoen"

François Aulner
Keng Panik, et ass nach ze fréi fir ze soen ob, a wa jo, wéi d'Regierung op en neien Energieschock reagéiere wäert. A sengem Commentaire bewonnert de Fränz Aulner déi "roueg Hand" vun der Regierung. Hie gleeft hir esouguer, datt et effektiv Instrumenter gëtt, fir op eng relativ gerecht Aart a Weis ze handelen, wann et da muss sinn. Par konter huet hien nach ni u "méi Netto vum Brutto" gegleeft.
© RTL

“Europa huet schonn aner Krisen iwwerstanen”, sou de Premier Luc Frieden nom EU-Sommet d’lescht Woch. Stëmmt. Mee zu wat fir engem Präis? D’Covid-Kris an d’Energiekris hunn nieft Liewen och vill Ausdauer kascht a 5,6 Milliarden Euro. Bal e Véierel vun der gesamter Staatsschold. Déi ass zwar an absolutten Zuelen drastesch geklommen, mee et muss een zouginn, datt se proportional nach ëmmer ënnert der Mark vun 30% vum PIB bliwwen ass, déi d’Regierunge sech zanter Joerzéngte setzen. Dat well d’Ekonomie weider gewuess ass.

D’Rechnung ass also opgaangen, bis elo. Mee d’Regierung wëll jo nach déif an d’Staatstäsch gräifen, fir d’Defenseausgaben an d’Luucht ze setzen an eng Steierreform vu bal enger Milliard Euro d’Joer ze finanzéieren. Nom nächste Gehälteraccord beim Staat, villäicht nees mat sozial selektivem Aspekt ewéi 2022, bleift hoffentlech nach eppes iwwereg fir méi bezuelbare Wunnraum, méi ëffentlechen Transport, méi fir d’Gesondheetswiesen an d’Educatioun.

No money, no problem

Wann de Krich am Iran dann elo leider net esou ewéi de Premier hofft “net laang dauert” an et muss gehandelt ginn, da prophezeien ech e Mesurëpak no enger Tripartite, mat engem Numm ewéi “Zesummen iwwersti mer och dës Kris”.

Da ginn et nees ewéi 2023 gestaffelt Steierkreditter: Leit mat niddregem Akommes kréien dee ganz, vun X-dausend Euro Akommes u gëtt de Kredit degressiv a vun 100.000 Euro u kritt een näischt méi. D’Betriber kréien eng Indextranche provisoresch kompenséiert. De Staat stécht méi Suen an de Stroumreseau a verzicht e bëssen op Accisen um Sprit. Net ze vill fir duerno net Leit mat Piscine a Cayenne méi z’entlaaschten ewéi déi aner.

Den Hick bei der Saach ass net just, datt dat de Gewerkschafte warscheinlech net duergeet, mee datt dat alles nees d’Staatskeess elle belaascht. Dat iwwerdeems haut manner Handlungsspillraum do ass ewéi 2022, d’Wirtschaftsleeschtung méi schwaach ass ewéi an der Vergaangenheet an de Chômage klëmmt.

Gutt al Zäiten

An enger Circulaire, déi eis virläit an iwwert déi reporter.lu virun 3 Wochen als éischt bericht hat, rifft de Finanzminister Gilles Roth d’Ministèren op, mat den Ausgabe méi lues ze maachen.

Geet dat net duer, dann huet den nächste Mesurëpak villäicht ewéi wärend der Finanz- a Wirtschaftskris 2010 einfach keen Numm: ewéi deemools CSV-LSAP mam Juncker als Premier a Luc Frieden als Finanzminister, decidéiert déi aktuell CSV-DP Regierung och an noer Zukunft nieft klengen Hëllefsmesuren och Spuermesuren, mee och eng Modulatioun vum Index, eng Hausse vun der Solidaritéitssteier fir d’Leit an d’Betriber a se féiert Uewen drop nach eng Krisesteier vun 0,8% fir jidderee.

De Luc Frieden huet Recht: Hoffentlech dauert dee Krich do net ze laang. Wann dach, dann hoffentlech ginn dës Kéier déi eigentlech breet Schëllere mat an d’Solidaritéit geholl – déi ominéis 1%, de Grondbesëtz, d’Aktien, d’Dividend. Och wann dat esouguer mat LSAP a Gréng an der Regierung ni geschitt ass.

Commentaire vum François Aulner

Back to Top
CIM LOGO