ParäisPolice verhënnert Attentat op Bank of America

AFP
iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Déi franséisch Police huet e Samschdeg e Bommenattentat op d'Paräisser Agence vun der Bank of America verhënnert. Eng Persoun gouf verhaft.
Die französische Polizei hat einen Sprengstoffanschlag auf die Pariser Niederlassung der US-Großbank Bank of America vereitelt. Nach Angaben der Ermittler wurde ein Verdächtiger gefasst.
D’Agence vun der Bank of America zu Paräis
© AFP

Wéi et vun den Enquêteuren heescht, ass de Verdächtegen an der Nuecht op e Samschdeg festgeholl ginn, wéi hien e Sprengsaz virum Gebai ofgeluecht hat. D’Ermëttlungen hat den Anti-Terror-Departement vum franséische Parquet iwwerholl. Aus interne Kreesser heescht et, e Lien mat iranesche Menacë géint US-amerikanesch an israeelesch Entreprisen an Europa wéinst dem Iran-Krich wier warscheinlech.

De selwer gebaute Sprengsaz huet aus engem mat Pëtrol gefëllte Kanister vu fënnef Liter an engem Knuppert als Zünder bestanen. De Verdächtege soll den Ermëttler no bei der Interrogatioun gesot hunn, hie wier iwwer den Onlinedéngscht Snapchat rekrutéiert ginn an hätt 600 Euro ugebuede kritt, fir d’Dot duerchzeféieren.

De Mann hat och e Kompliz dobäi, deen den Attentatsversuch gefilmt oder fotograféiert huet, dëse konnt allerdéngs virun den Autoritéite flüchten.

De Versuch vun dësem Uschlag wier “d’Konkreetiséierung vun iranesche Menacë géint amerikanesch an israeelesch Interessen iwwerall an Europa”, heescht et aus Ermëttlerkreesser weider. De franséischen Inneminister Laurent Nuñez huet an deem Zesummenhang vun enger “terroristescher Gewaltdot” geschwat an huet betount, en Vue vum “internationale Kontext” wieren d’Autoritéiten an erhéichter Bereetschaft.

Dës hunn zanter dem Ufank vum Iran-Krich viru gutt engem Mount an enger ganzer Rei europäesche Länner de Schutz fir iranesch Oppositioneller, jiddesch Institutiounen wéi och israeelesch an US-amerikanesch Vertriedunge vun Entreprisë verstäerkt.

Back to Top
CIM LOGO