
Eng laang iwwerfälleg Diskussioun, déi riskéiert nach ëmmer net grouss genuch ze sinn, fënnt d’Maxime Gillen a sengem Commentaire.
Digital Gewalt ass och Gewalt a kann den Affer d’selwecht wéi doen, wéi physesch oder psychesch Abusen. Leider huet d’Gesellschaft an de Justizsystem dat wéi et schéngt nach net verstanen. Bis ewell ginn nämlech nëmme ganz wéineg Täter iwwerhaapt gepëtzt an dann och zu adequate Strofe verurteelt.
Dobäi geet et hei net ëm iergende Rand-Phänomen. An Däitschland geet een dovun aus, datt all 5. Fra an de leschte 5 Joer an där enger oder anerer Form vun digitaler Gewalt betraff war. Eng Ëmfro a Groussbritannien, Australien an Neiséiland huet gewisen, datt all 3. Fra tëscht 16 an 39 Joer schonn eng Kéier heemlech beim Sex oder ënnert der Jupe fotograféiert gouf an dës Fotoen da géint hire Wëlle publizéiert goufen. Fir Lëtzebuerg gëtt et keng esou Zuelen, ma wann ee kuckt, wéi vill abusiivt Bildmaterial online zirkuléiert, muss d’Zuel vun den Affer, reng statistesch gesinn, vill méi grouss sinn, wéi d’Zuel vun de Plainten.
Zu Lëtzebuerg kënne wéinst Reprochen vu sexualiséierter Gewalt, wéi déi am Fall Collien Fernandes, Strofe vu bis zu 3 Joer Prisong geschwat ginn. An och hei gëtt et nach Lücken am Gesetz, fir effikass kënne géint Täter virzegoen.
D’Reprochë vun der Collien Fernandes hunn an Däitschland eng Well vu Reaktiounen ausgeléist. Net nëmme sinn Zéngdausende Leit aus Solidaritéit mat den Affer op d’Strooss gaangen, ma och déi däitsch Justizministesch huet annoncéiert, e geplangte Gesetzesprojet fir méi Schutz fir d’Affer méi fréi wéi geplangt op den Instanzewee ze bréngen.
D’Roserei vum däitsche Public ass awer sécherlech net nëmmen op dësen eenzele Fall vun enger immens couragéierter prominenter Fra zeréckzeféieren. Si ass och d’Konsequenz vun enger ganzer Rei skandaléise Fäll vu Gewalt u Fraen, déi an de leschte Jore fir gréisser Opmierksamkeet gesuergt hunn. D’Abuse vun engem Jeffrey Epstein a Konsorten, déi grujeleg Faiten, déi d’Gisèle Pelicot erlieft huet an déi sëllegen Affer vu Weinstein, Cosby a Co hunn d’Faass méi wéi voll gemaach, dat elo – op d’mannst an Däitschland – iwwergelaf ass.
Speziell un dësem Fall ass awer och, datt sech vill Leit an och vill Täter net bewosst – oder net bewosst wëlle – sinn, wéi schlëmm dës Doten sinn. Déi wéineg Affer vun digitaler Gewalt, déi sech ëffentlech äusseren, beriichten ëmmer erëm, datt si net eescht geholl ginn. Datt si gesot kréien, “dat ass dach nëmmen online” a “féier dech net esou op”. Dobäi kann dës Form vu Gewalt genau déi selwecht Traumae bei den Affer ausléisen, wéi physesch oder psychesch Abusen. Duerch d’Publikatioun vu Fake-Pornografie ginn d’Affer humiliéiert an degradéiert an dobäi ass et egal, ob dës Biller echt sinn oder net. Den traumateschen Impakt op d’Affer ass dee selwechten. Derbäi kënnt, datt déi concernéiert Fraen och mussen domat eens ginn, datt dëst abusiivt Material illimitéiert ka verbreet ginn.
De Fall Collien Fernandes sollt eis deemno rose maachen. Rosen, datt all Idiot Fraen a Meedercher mat enger App um Handy kann ausdoen a pornografesch duerstellen. Rosen, datt mir eis Meedercher virun enger weiderer Manéier musse warnen, wéi si vu Männer kënnen abuséiert ginn. A rosen, datt et esou enorm couragéiert Fraen an Honnertdausenden Affer brauch, bis vläicht e bëssen fir méi Schutz a Gerechtegkeet gemaach gëtt.