US-Aussepolitik: Fridden ass keen Immobiliendeal

Eréischt uganks des Mounts ass dem US-President gelongen, wat keen esou fir méiglech gehalen hat. Hien huet Israel an d‘Hamas dozou kritt, eng Wafferou an der Gaza-Sträif z‘akzeptéieren an israeelesch Geisele géint palästinensesch Prisonéier ze tauschen.
Kritiker vun alle Säiten hu sech musse froen, ob dem US-President Donald Trump seng ongewéinlech Aussepolitik éieren awer funktionéiert. Ma spéitstens nodeems hie sech dës Woch op en Neits vum russesche President virféiere gelooss huet, gëtt kloer, datt och dem Trump seng Trampel-Politik verfuere Konflikter wéi Gaza an Ukrain net wäert op en Enn bréngen, fënnt d‘Maxime Gillen a sengem Commentaire.
An dobäi hat den Donald Trump jo genau dat am Walkampf virun zwee Joer versprach. Sollt hie gewielt ginn, wier de Krich an der Ukrain bannent Stonnen eriwwer. Antëscht schéngt awer och him kloer ginn ze sinn, datt dat net grad esou einfach ass, wéi hie sech dat virgestallt hat. Gläichzäiteg léisst hie sech vum russesche President Wladimir Putin weider virféieren. Et ass schliisslech keen Zoufall, datt de Kreml-Chef ëmmer da mécht, wéi wann hie prett wier fir Friddensverhandlungen, wann d‘USA riskéieren, méi decidéiert anzegräifen.
D‘lescht Woch hat et nach esou ausgesinn, wéi wann den Donald Trump bereet wier, der Ukrain Laangstreckewaffen ze liwweren. Ma genau een Dag, ier den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj dofir op Washington gereest ass, huet de russesche President mam Donald Trump telefonéiert an dofir gesuergt, datt de Selenskyj um Enn mat eidelen Hänn huet missen Heem reesen.
Dës Woch dann d‘Annonce, datt Trump a Putin awer esou bal net wäerten zu Budapest zesummekomme, wéi den US-President dat nach d‘lescht Woch annoncéiert hat. Elo heescht et vum US-President, hie wéilt keng Zäit verbëtzen, wa souwisou keng Hoffnung bestéing, fir um Enn och effektiv en Accord ze hunn.
Iwwerhaapt sollen d‘Ukrain a Russland einfach elo ophale mat kämpfen an d‘Grenz laanscht déi aktuell Front zéien, esou d‘Fuerderung vum US-President. Datt dat fir keng vun den zwou Säiten eng akzeptabel Optioun ass, gëtt einfach ausgeblent.
Wärend de Locataire vum Wäissen Haus weltwäit fir seng onorthodox Aart a Weis fir Konflikter unzegoen, gelueft gëtt, gëtt him och ëmmer méi reprochéiert, komplett naiv, diplomatesch onerfueren an ouni Plang z‘agéieren.
Egal wéi gëtt dat um Réck vu Leit gemaach, déi all Dag ëm hiert d‘Liewe musse fäerten. An dat ass inakzeptabel. Fridden negociéiert sech net ewéi en Immobiliendeal. An de virleefege Succès am Gaza-Krich ass och éischter dorop zeréckzeféieren, datt d‘USA hiert ganzt Gewiicht mat an d‘Diskussioun bruecht hunn, wéi datt den Donald Trump taktesch besonnesch subtil a schlau agéiert hätt.
Wéi de weidere Friddensplang konkret soll ëmgesat ginn, wien déi korrekt Ëmsetzung kontrolléiert a wat geschitt, wa sech net doru gehale gëtt, ass och net gekläert. Deemno bleift dem zukünftege Laureat vum Friddensnobelpräis nach déi eng oder aner zolidd Noss ze knacken. An trotz aller Skepsis, sollte mir him wënschen, datt hien domat Erfolleg huet.