Wien dréit duerch säi konkret politescht Handelen dozou bäi, fir d'EU weider ze bréngen? Ma ënnert anerem de Vize-Premier Etienne Schneider.

Där Meenung ass op d'mannst de spezialiséierten europäesche Magasinn Politico, deen de Lëtzebuerger Politiker zesumme mat 27 anere Leit aus verschiddene Länner nominéiert huet.

Den Etienne Schneider gëtt vun de Journalisten als "space miner" bezeechent, dee Lëtzebuerg zu engem eenzeg groussen Energie-Produzent wëll gi loossen. Och gëtt natierlech den innovative Projet vum "space mining" vun de Politico-Reporter opgezielt, deen et dem Etienne Schneider erméiglecht huet an der Lëscht vu Politiker Geschäftsleit, Artisten an Auteuren ze figuréieren, déi Europa no vir bréngen an op déi ee sollt 2018 uecht doen.

Op der éischter Plaz figuréiert den FDP-Politiker Christian Lindner, deen d'Jamaika-Koalitiounsgespréicher platze gedoen huet. Den Etienne Schneider ass tëscht den 28 Nominéierten ëmmerhin op der ganz gudder 12. Plaz, hannert dem éisträichesche Polit-Journalist Armin Wolf. Fir d'Belsch huet Politico iwwerdeem de liberalen Europadeputéierten Guy Verhofstadt nominéiert, fir Frankräich d'Aarbechtsministesch Muriel Pénicaud a fir Holland de Premier Mark Rutte.

De Lëtzebuerger Wirtschaftsminister ass also a gudder Gesellschaft, bei deenen, déi Politico fir hire Listing vun eminente Leit erausgesicht huet.

Hei déi 28 Leit an der Iwwersiicht:

The 2018 POLITICO 28 are: Christian Lindner (Germany), Michael Gove (United Kingdom), Muriel Pénicaud (France), Mark Rutte (the Netherlands), Laura Boldrini (Italy), Anuška Delić (Slovenia), Jyrki Katainen (Finland), Galina Timchenko (Russia), António Costa (Portugal), Guy Verhofstadt (Belgium), Armin Wolf (Austria), Etienne Schneider (Luxembourg), Meral Akşener (Turkey), Zbigniew Ziobro (Poland), Simon Harris (Ireland), Ana Botín (Spain), Flavia Kleiner (Switzerland), Olga Sehnalová (Czech Republic), Lajos Simicska (Hungary), Euclid Tsakalotos (Greece), Evgeny Morozov (Belarus), Khalifa Haftar (Libya), Eerik-Niiles Kross (Estonia), Mina
Andreeva (Bulgaria), Tino Sanandaji (Sweden), René Redzepi (Denmark), Mirga Gražinyté-Tyla (Lithuania) and Litos Papastylianou (Cyprus).