Déi meescht wäiss Mënschen am Grand-Duché wäerten do keng gréisser Problemer gesinn.

Dass dat awer guer net dem Alldag vun de Mënschen entsprécht, déi afrikanesch Originnen hunn, dat gouf méi wéi däitlech op enger Konferenz, wou d’Resultater vun der gréisster EU-wäiter Enquête, déi bis elo an deem Beräich realiséiert ginn ass, bekannt goufen - an do schneit Lëtzebuerg guer net gutt of.

Dem Gesetz no si mir all gläich an dësem Land, mä als Schwaarzen ass een duebel esou dacks d’Affer vu rassistesch motivéierter Gewalt wéi am Duerchschnëtt vun der EU. 46 % vun de Schwaarzen erliewen Diskriminatioun op der Aarbecht géintiwwer 25% am EU Schnatt. An et bedeit och e méi héije Risk ze hunn, an d’Aarmut ze falen, Chômeur ze ginn a kee Logement ze fannen.

Michael O’Flaherty, Direkter EU Agence fir Grondrechter: Luxembourg does have a real issue and we encourage you to have the national discussions to figure out how to fix it including that your equality body, the one that monitors these issues has all of the resources and the capacity it needs to do its essential job!

Genee do hapert et awer ... déi Mannst traue sech iwwerhaapt, rassistesch Gesten an Doten ze denoncéieren, a wa si et da maachen, da gi si zum Beispill bei den Centre d’égalité de traitement.

Jean Paul Lehners, President EU-Kommissioun géint Rassismus an Intoleranz: "Et geet net duer, dass een einfach bei den CET kënnt. Et seet een "ech sinn diskriminéiert ginn" an da kritt een e Rot, 'jo du kanns dech heihinner wenden' an dann ass et Schluss. Den CET muss onbedéngt kënne Plainten areechen, si mussen kënnen Enquêtë maachen, si musse kënnen och viru Geriicht goe kënnen an duerfir muss natierlech d'Gesetz geännert ginn."

Kloer war e Mëttwoch d’Fuerderung, de Centre personell a finanziell opzestocken, mä zemools de Message, dass Rassismus am Alldag ufänkt, esouguer schonn an der Schoul - zanter wéini schéckt een dann e Schwaarzt an de Classique? - war sécher dee krassten Temoignage, deen am Kader vun enger Recherche-Aarbecht e Mëttwoch presentéiert gouf. Ma all déi Jonk mat kapverdianeschen Originnen, déi dofir befrot goufen, soten, si géinge sech zwar als Lëtzebuerger fillen, mä si géingen awer net esou gesi ginn.

Wat mécht dat, wann een ëmmer nees gesot kritt: "Du gehéiers net dozou"?

Mirlene Fonseca, Chercheuse, Réseau Afrodescendant Luxembourg: "Ma si verstinn dat net... vill Frustratioun... Och ass een iergendwann rosen an huet een d'Flemm, ëmmer missen z'erklären 'jo ech schwätze Lëtzebuergesch, jo ech sinn hei gebuer, jo ech sinn hei an d'Schoul gaangen, jo ech studéieren, jo ech gehéieren dozou...' Et gëtt iergendwann zu enger Laascht!"

D’Ministesch Corinne Cahen huet sech schockéiert gewisen iwwert Temoignagen an d’Resultat vun der Enquête.

Wou waart dir, dass dir dat net gesinn hutt? Sou d’Reaktioun aus dem Public. Et ass d’Realitéit iwwerall an Europa, sot de Michael O Flahert. Et geet net just ëm Rass, mä ëm Viruerteeler a géint déi muss een aktiv virgoen, ugefaange bei ons selwer, well am Fong wiere mir all Rassisten!