Roaming-Fraisen an der EU fale fir weider 10 Joer ewech

© dpa/AFP/Tobias Hase
Am europäeschen Ausland telefonéieren, eng SMS verschécken oder am Internet surfe bleift déi nächst Joren d'nämmlecht deier.
D'Roaming-Fraisen an der Europäescher Unioun gi fir weider 10 Joer suppriméiert. Betraff sinn déi 27 EU-Memberstaaten, souwéi Island, Liechtenstein an Norwegen.
Am Juni 2017 goufen d'Roaming-Fraisen ausgesat. Dës Reegelung sollt Mëtt 2022 auslafen, ma d'EU-Kommissioun hat eng Verlängerung proposéiert. D'EU-Staaten an d'Europaparlament goufe sech an deem Zesummenhang eens, fir d'Reegelen och no Juni 2022 z'applizéieren. Dernieft gouf och festgehalen, datt de Roaming, nieft dem nämmlechte Präis, och iwwerall, wa méiglech, déi nämmlecht Qualitéit soll hunn.