Groussbritannien léisst et sech net huelen, den US-President am grousse Stil fir seng historesch zweet Staatsvisitt ze empfänken.

Groussbritannien wäert e Mëttwoch de rouden Teppech ausrullen, fir den Donald Trump ze empfänken. D'Visitt gëtt als historesch ugesinn, well et déi éischte Kéier ass, datt en US-President eng zweet Invitatioun vum englesche Kinnekshaus krut.

Vu Kutsch-Faarte mam Kinnek Charles III iwwer eng Fliger-Parad bis hin zu engem feierlechen Iessen am bal 1.000 Joer ale Windsor Castle – et léisst een et sech net huelen, fir den Trump ze impressionéieren. Ganzer 1.300 Zaldote mat 120 Päerd sollen de Spektakel ënnermolen.

Dobäi wëll een awer sécher goen, dat den Éieregaascht näischt vun den aktuelle Protester am Land matkritt. Déi lescht Woch koum et zu sëllege Konfrontatiounen tëscht Immigratiounsgéigner an der Police. Dee gréissten Deel vum Trump senger Visitt wäert duerfir och hanner zouenen Dieren oflafen.

Dat den US-President e grousse Fan vun der Monarchie ass, ass kee Geheimnis. Eréischt viru Kuerzem hat d'Wäisst Haus e Magasinn-Cover op de soziale Medie gedeelt, op deem den Trump eng Kroun um Kapp hat. Hie selwer hat am Virfeld dovunner e Beitrag mat de Wieder "LONG LIVE THE KING" gedeelt.

RTL

Den Donald Trump bei senger éischter offizieller Visitt am Buckingham Palace am Juni 2019. / © Dominic Lipinski / Pool / AFP

D'Fro fir Groussbritannien ass elo, ob dee ganze Spektakel den Trump bei Laun wäert halen. De brittesche Premier Keir Starmer hofft sécherlech, datt den US-President en Donneschdeg mat engem gudde Gefill wäert Heem fléien an net nees kuerzfristeg seng Meenung iwwer Stroftaxe wäert änneren.

Den Trump, deem seng Mamm aus Schottland ass, schéngt sech allerdéngs wuel ze fillen an England. Wéi hien en Dënschdeg mat der First Lady Melania mam Helikopter an der Residenz vum US-Ambassadeur zu London ukomm ass, huet hien de Kinnek schonn als "mäi Frënd" bezeechent.

Um Mëttwoch geet et fir den US-President mat engem Empfang vum Trounfollger, dem Prënz William a senger Fra Catherine, am Windsor Schlass lass. Duerno geet et mat der Kutsch zesumme mam Kinnek a senger Fra Camilla weider. Och eng Visitt vum Graf vun der verstuerwener Kinnigin Elisabeth II steet um Programm, dat ier den éischten Dag da mat Militärparad an engem Banquet ofgeronnt gëtt.

Um zweeten Dag wäert den US-President dann op de Keir Starmer treffen.

De Besuch steet awer am Kontrast zur ëffentlecher Meenung: Ëmfroe weisen, datt den Trump a Groussbritannien onbeléift bleift. Protester hunn e Méindeg scho Biller vum Trump a vum wéinst Sexualverbrieche verurteelten Jeffrey Epstein op d'Mauere vum Windsor Schlass projezéiert, a fir e Mëttwoch si weider Demonstratiounen zu London geplangt.

RTL

Projektioun vun enger Foto vum Trump zesumme mam Epstein op eng Mauer vum Windsor Schlass. / © Photo by LENA VOELK / AFP

Den Epstein ass an England keng onbekannt Figur, well de Prënz Andrew – dem Kinnek säi Brudder – mat him a Verbindung bruecht gouf. Och de Premier Keir Starmer huet eréischt viru Kuerzem misse säin Ambassadeur vu Washington zeréckruffen, well och dee mam Epstein soll a Verbindung gestanen hunn.

Den Trump selwer gëtt och verdächtegt, mam Epstein senge Verbriechen a Verbindung ze stoen, allerdéngs streit dësen dat of.