
Am Mäerz kommen déi nei Projektiounen. Op Basis dovu wëll d‘Europäesch Zentralbank hir zukünfteg Zëns-Strategie entwéckelen.
D'europäesch Zentralbank huet um Donneschdeg fir d'fënnefte Kéier an der Suite d'Leetzënsen an d'Luucht gesat. An d'EZB gesäit sech nach net um Zil.
Den Haaptleetzëns klëmmt elo ëm 50 Basispunkten op 3 Prozent.*
Dozou de Gouverneur vun der Lëtzebuerger Zentralbank Gaston Reinesch: "Dat ass dee Leetzëns, zu deem d'Banke kënne Sue bei der EZB léinen. Vue dass awer esouvill Reserven am System sinn, ass dee Leetzëns fir den Ament wirtschaftlech net dee relevantsten."
D'Hausse vum Zëns, deen d'Banke kréie fir d'Reserven, déi se bei den Zentralbanken halen, wär ekonomesch gesinn dësen Ament méi wichteg. Och deen Taux geet ëm en hallwen Prozentpunkt erop op 2,5 Prozent.
Gaston Reinesch:"Donieft ass awer och nach eng kloer Ausso fir déi nächst geldpolitesch Sëtzung Mëtt Mäerz, wou d‘EZB hir kloer Intentioun ausgedréckt huet, fir dann dee Leetzëns do nach eng Kéier ëm 0,5 Prozentpunkten z'erhéijen da wäre mer also op 3 Prozent Mëtt Mäerz."
Weider Haussë fir d'Leetzënse si fir déi nächst geldpolitesch Sëtzung de 16. Mäerz also quasi sécher. D'Inflatioun ass allerdéngs rezent erofgaangen. Dat virun allem wéinst den Energiepräisser déi gefall sinn. Enn Januar waren et 8,5 Prozent Präisdeierecht. D'Kärinflatioun – wou d‘Energie, Liewensmëttel, Alkohol an Tubak erausgereecht sinn – stagnéiert awer bei 5,2 Prozent. E Signal fir Entwarnung ass dat net, erkläert de Gouverneur vun der Lëtzebuerger Zentralbank Gaston Reinesch.
"D'global Inflatioun ass liicht erofgaangen, mä nach vill ze vill héich. D'Kärinflatioun huet sech esouguer stabiliséiert, wa se net nach ganz liicht eropgaangen ass. Et geet drëms déi Dynamik ze briechen. Dat erkläert och firwat d'EZB net anescht konnt ewéi elo deen Zënsschratt ze huelen, an deen aner Mëtt Mäerz scho quasi ze annoncéieren."
D'mëttelfristegt Zil vun der EZB ass en Inflatiounstaux vun zwee Prozent.
Am Mäerz kommen déi nei Projektiounen. Op Basis dovu wëll d‘Europäesch Zentralbank hir zukünfteg Zëns-Strategie entwéckelen. An deem Kontext kéint een net ausschléissen, dass bei der geldpolitescher Sëtzung déi uganks Mee ass, och nach eng Zënshausse ka kommen, huet de Gaston Reinesch am RTL-Interview erkläert.
"Se muss net, mä si ka kommen", esou de Gouverneur vun der Lëtzebuerger Zentralbank. Quantitativ wär dat och nach net festgeluecht. Dat hänkt da vum Niveau vun der Präisdeierecht of.
*An enger éischter Versioun hate mir geschriwwen, dass de Leetzëns ëm 0,5 Basispunkte klamme géif.