Och wann den US-President scho méi dacks gesot huet, datt hie senger Meenung no de Friddensnobelpräis misst kréien, ass d'Chance kleng, datt dëst antrëfft.

Den US-President Trump fuerdert de Friddensnobelpräis fir sech selwer a fillt sech duerch d'Eenegung op e Waffestëllstand an der Gazasträif confirméiert. Eenzege Problem: Den zoustännegen Nobelkommitee huet seng Berodunge scho virun e puer Deeg ofgeschloss, also laang virun engem Waffestëllstand. "Déi lescht Sëtzung vum Nobelkommitee war e Méindeg", sot de Spriecher Erik Aasheim en Donneschdeg géintiwwer der Noriichtenagence AFP. Den neie Laureat vum Friddensnobelpräis soll e Freideg ugekënnegt ginn.

D'Nobelkommitee besteet aus fënnef Memberen an hëlt normalerweis schonn e puer Deeg oder souguer Wochen, ier de Gewënner offiziell ugekënnegt gëtt, eng Decisioun. Kuerz virun der Annonce trëfft sech de Kommitee nach eng Kéier. "Déi lescht Weiche goufen e Méindeg gestallt, mee mir ginn ni bekannt, wéini de Kommitee seng Decisioun hëlt", sot den Aasheim. Bis zu der offizieller Annonce vum Laureat ass keng weider Sëtzung vum Kommitee virgesinnt. Fest steet, datt et och dëst Joer wéi gewinnt e Laureat gëtt, huet hie betount. E puer Experten haten am Virfeld spekuléiert, datt de Kommitee wéinst der schlechter geopolitescher Situatioun kéint op d’Iwwerreechung vum Präis verzichten. Dëst ass wéi gesot net agetrueden.

Den 79 Joer alen Trump huet d’Auszeechnung schonn dacks fir sech gefuerdert. Hie behaapt sech dorop, zanter senger Vereedegung am Januar verschidde Kricher op en Enn bruecht ze hunn. Enn September sot hien, et wier eng "Beleidegung “ fir d’USA, wann hien de Präis net géif kréien.

Den Historiker Asle Sveen geet awer dovun aus, datt den US-President dëst Joer eidel ausgeet. D’Eenegung tëscht Israel an der radikal-islamistescher Hamas, déi an der Nuecht op en Donneschdeg ugekënnegt gouf an op dem Trump sengem Gaza-Plang baséiert, hätt "absolut keen Afloss" op de Choix vum Laureat, well de Kommitee seng Decisioun scho virdru getraff hätt: "Den Trump wäert de Präis dëst Joer net kréien. Do sinn ech mir zu 100 Prozent sécher", huet den Nobelpräis-Expert betount. Hie verweist och dorop, datt den US-President dem israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu laang "fräi Hand" gelooss huet bei der Bombardéierung vun der Gazasträif an Israel ëmfaassend militäresch Hëllef zur Dispositioun gestallt huet..

Dëst Joer goufen 338 Persounen an Organisatioune fir de Friddensnobelpräis nominéiert. D’lescht Joer war de Präis un déi japanesch Organisatioun Nihon Hidankyo gaangen, déi sech fir eng Welt ouni Atomwaffen asetzt.

Dës Persounen an Organisatioune goufen déi lescht 10 Kéieren ausgezeechent